Iván T. Berend

Vu Wikipedia
Iván T. Berend
Gebuer 11. Dezember 1930
Budapest
Nationalitéit Ungarn
Educatioun Eötvös Loránd Universitéit
Aktivitéit Historiker, Universitéitsprofesser, Ekonomist, Politiker
Member vun Ungaresch Wëssenschaftsakdemie, American Academy of Arts and Sciences, Academia Europaea, Éisträichesch Akademie vun de Wëssenschaften

Den Ivan Tibór Berend, besser als Ivan T. Berend bekannt, gebuer den 11. Dezember 1930 zu Budapest, ass en ungareschen Historiker.[1] Vun 1985 bis 1990 war hie President vun der Ungarescher Akademie vun de Wësseschaften a vun 1989 bis 1990 Member vum Conseil vun der Ungarescher Sozialistescher Aarbechterpartei.[2]

Zanter 1990 lieft hien an de Vereenegte Staaten an ënnerriicht op der University of California (UCLA) wou en zanter 2008, Studiendirekter vum Europäesche Studieprogramm ass.[3]

A senger Autobiographie, déi 2009 publizéiert gouf, geet et net nëmmen ëm seng eegen Erliefnesser, Erfarungen an Erënnerungen, mä si setzt säi Liewen a méi e groussen historesche Kontext fir dem Lieser e geschichtlecht Wëssen ze vermëttelen an en dofir ze sensibiliséieren.[4]

Famill a Kandheet[änneren | Quelltext änneren]

Den Ivan Tibór Berend war dat zweet Kand vu jiddeschen Elteren. D'Zäite ware wéinst der Grousser Depressioun an hire Follgen (Aarmut, Chômage, Hyperinflatioun etc.) alles anescht wéi sécher.[5] No der Familljechronik vun der Groussmamm hat d'Famill zwar op e Meedche gehofft mä si hu sech awer iwwer dem Berend seng Gebuert gefreet.[6] De Berend ass an engem Dräigeneratiounestot an engem Appartementshaus am jiddesche Quartier vu Budapest opgewuess wou e sech ëmmer behitt a sécher gefillt huet. Iwwer seng Famill weess en net vill, well seng Eltere rar doriwwer geschwat hunn an och souzesoe kee vun hinnen op Besuch koum. Et ass just bekannt datt keen eng héich Schoulausbildung hat. Seng Groussmamm war Concierge an engem Appartementshaus an huet sech 20 Joer laang ëm de Stot gekëmmert.[7]

Am meeschten Afloss haten awer seng Eltere op de jonke Berend. Scho fréi ass him den Ënnerscheed am Charakter vu senger Mamm a sengem Papp opgefall, wat d'Koppel net dovun ofgehalen huet en harmonescht Bestietnes ze féieren.[8] Seng Mamm war eng waarm an offe Persoun, déi wousst wat et heescht haart ze schaffen. Virum éischte Weltkrich huet si als Sekretärin geschafft. Duerno hat si zesumme mat hirem Mann e klengt Usträichergeschäft wat si, zäitweis ganz eleng, gefouert huet. Zudeem war si éischter pragmatesch an net intellektuell verulaagt.[9] De Papp dogéint, deen aus enger aarmer Famill aus dem Oste vum Land koum, war en Alleskënner dee sech villes selwer bäibruecht huet. Am Laf vu sengem Liewen hat e vill Beruffer, ënner anerem war e Schräiner, Schoulmeeschter a Proprietär vun engem klenge Usträichergeschäft. E war héich gebilt, mä net amstand Kompromësser anzegoen an zimmlech autoritär.[9] De Berend hat Angscht viru senger Strengt an hat ëmmer d'Gefill, den Erwaardunge vum Papp net gerecht kënnen ze ginn. Och wann de Berend e frëndschaftlecht Verhältnes zu sengem Brudder hat, sou war hir Relatioun awer vun enger gewësser Geschwëschterrivalitéit bestëmmt. Nom Berend senger Opfassung war den eelere Brudder net nëmmen de Libling vum Papp mä och an allem besser, bis op de Sport.[10]

Nodeem Ungarn de 26. Juni 1941 op der Säit vum nationalsozialisteschen Däitschland Partei ergraff hat, andeems déi ungaresch Regierung der Sowjetunioun de Krich erkläert hat, huet sech déi allgemeng Situatioun vun der ungarescher Bevëlkerung weider verschlëmmert.[11] Vum 19. Mäerz un, hunn nationalsozialistesch Truppen Ungarn besat.[12] Den ungaresche Staatschef, den éisträichesch-ungareschen Offizéier Miklós Horthy, war am Oktober 1944 schliisslech gezwongen zu Gonschte vum Ferenc Szálasi, dem President vun den ungareschen nationalsozialistesche Faschisten, de Feilkräizler, ofzedanken. D'Joren 1944-45 ware vum bluddegen Terrorregime vun der Feilkräizler-Partei markéiert. D'Deportatioun an déi systematesch Ermuerdung vun den ungaresche Judden, vun där d'jiddesch Bevëlkerung aus der Haaptstad gréisstendeels verschount bliwwe war, huet an Ungarn eréischt vergläichbar spéit agesat: ongeféier 8 Méint viru Krichsenn.[13]

Bal d'Hallschent vun der jiddescher Populatioun aus Ungarn ass op Auschwitz deportéiert ginn. Ënner deene war och d'ganz Famill vum Berend sengem Papp. Eréischt nom Krich sinn de Berend an de Rescht vu senger Famill gewuer ginn datt am Ganzen 32 Membere vun der Famill sou hiert Liewe gelooss hunn.[14] Nom Muechtwiessel vum 15. Oktober 1944 ass den Aarbechtsdéngscht op Jongen iwwer 16 a Männer bis 60 Joer ausgedeent ginn. Dem Berend säin, deemools siwenzéngjäregen, Brudder Ervin ass agezu ginn a huet misse Schützegrief an der Transdonauescher Regioun aushiewen, wou e bannent e puer Méint gestuerwen ass. Den Ervin ass an engem Massegraf an der Noperschaft vun der Stad Győr begruewen.[15]

No eegenen Aussoe leet de Berend d'Enn vu senger Kandheet op den 31. Oktober 1944 fest. Den Datum huet en entscheedenden Dréi a sengem jonke Liewen duergestallt, deen net nëmmen hien a seng ganz Famill betraff huet mä d'Zukunft vum ganze Land onsécher gemaach huet.[16] De Berend ass an däitsch Gefaangenschaft komm a gezwonge ginn net wéit vun der Uertschaft Lepsény, ze schaffen.[17] Nodeem d'Rout Arméi op Lepsény ugeréckt ass, gouf e vun der brutaler ungarescher Arméi op Veszprém verschleeft wou en eng Zäit am Prisong verbruecht huet ier d'sowjetesch Truppen d'Uertschaft ageholl hunn. Jiddweree bis op d'Judden ass duerno fräikomm, de Berend allerdéngs ass an den Haaptsëtz vun de Pfeilkreuzler bruecht ginn wou en eng ganz Nuecht laang gefoltert gouf ier en an d'Konzentratiounslager Dachau deportéiert ginn ass.[18] Eréischt am August 1945 ass en op Budapest zeréckkomm.[19]

Den Ivan T. Berend war zweemol bestuet an ass Papp vun 3 Meedercher, woubäi dat drëtt Kand vu senger Fra Kati mat an d'Famill bruecht ginn ass.[20] 1953 huet e seng éischt Fra, d'Rózsa, bestuet mat där hien zwou Duechteren, d'Zsuzsa an d'Nora, kritt huet. Dat jéngst ass dem Papp nogeschloen an ass Medievistin ginn.[21] De Berend selwer bezeechent seng Famill als globaliséiert, vu datt seng Meedercher en amerikanesche respektiv en englesche Mann bestuet hunn an hir Kanner zweesproocheg opwuessen.[22]

Akadeemesch Karriär[änneren | Quelltext änneren]

An dësem Kontext ass et wichteg dem Berend seng Lycéeszäit z'ernimmen, déi fir hien eng bedeitend Period, a punkto Léieren a perséinlechem Developpement, duergestallt huet. Op Grond vu sengen éischter schlechten Noten an der Primärschoul war et schwiereg fir de Berend iwwerhaapt am Jiddesche Gymnasium zu Budapest ugeholl ze ginn.[23] Och wa seng Kandidatur fir d'éischt ofgewise gouf, huet seng Mamm net opgi bis hien, genee wéi säi Brudder, déi genannten Institutioun besiche konnt. Doropshin ass e vun 1941 bis 1948 an déi Schoul gaange wou e vu capabele Leit ënnerriicht gouf. Wéinst den diskriminéierenden antisemittesche Gesetzer vun der Horthy-Regierung goufe Studieplaze fir jiddesch Studente staark limitéiert. Ausserdeem hu vill Geléiert a Chercheuren hir Aarbechtsplaz verluer oder si guer net eréischt agestallt ginn. Doduerch hunn der vill vun hinnen a Lycéeën ënneriicht.[24] De Berend konnt entscheedend vun där Situatioun profitéieren. Am Laf vu sengem Lycéesparcours huet en d'Bekanntschaft vun zwéi Geléierte gemaach, déi säin zukünftege Werdegang bedeitend beaflosst hunn: de Miklós Szabolcsi an den Zsigmond Pál Pach.[25] De Szabolcsi war dem Berend säi Literatursprofesser, deen him déi grouss Klassiker a Schrëftsteller souwéi d'Welt vum Theater nobruecht huet.[25] Mä et war wuel säi Geschichtsprofesser deen ee mat deene bleiwensten Andréck beim deemools zwielefjärege Jong hannerlooss huet. Mat siechzéng wousst de Berend datt e säi Liewen der Erfuerschung vun der Geschicht widme wollt andeems en Historiker géif.[26]

No senger Première huet de Berend am Hierscht 1949 mam Studium op der Universitéit fir Ekonomie zu Budapest ugefaangen.[27] Vun 1949 bis 1953 huet e säi Master op der Universitéit fir Ekonomie an op der philosophescher Fakultéit vun der Eötvös Lorand Universitéit, alle béid zu Budapest, gemaach a mat Mentioun „Summa cum Laude“ ofgeschloss.[28] 1957 gouf him den Doktertitel zougesprach. D'Joer drop huet hien als postdoktoralen Chercheur op der ungarescher Akademie vun de Wëssenschaften ugefaangen. 1662 huet e seng Habilitatioun absolvéiert.[28] Zum Berend senger intellektueller Entwécklung hunn zudeem divers Auslandsopenthalter bäigedroen, vun deenen hien duerch westlech Finanzéierungen a Form vu Stipendie profitéiere konnt.[29] Vun 1966 bis 1967 huet de Berend zum Beispill mat Hëllef vum Ford-Stipendium ee Joer op der Columbia University zu New York absolvéiert.[28]

De gréissten Deel vu senger akadeemescher Carrière huet de Berend an Ungarn verbruecht. Wärend där Zäit hat en am akadeemesche Kader ënnerschiddlech Funktiounen. 1953 huet en als Assistenzprofesser op der Universitéit fir Ekonomie seng éischt Aarbechtsplaz kritt. Siwe Joer méi spéit ass en zum ausseruerdentleche Professer opgestigen. 1967 gouf en Nofollger vum Pach, als Direkter vum geschichtswëssenschaftlechen Institut op der Akademie vun de Wëssenschaften an als Studiendirekter vum Institut fir Wirtschaftsgeschicht op der Universitéit Budapest ernannt.[30] 1973 an 1979 war de Berend souguer fir zwee Semester Direkter vun der Karl Marx Universitéit zu Budapest. Allerdéngs huet déi administrativ Aarbecht him net vill Freed gemaach firwat en nees séier an d'Recherche zeréckfonnt huet.[31] D'Joer 1989 huet e weideren Tournant am Berend sengem beweegte Liewen duergestallt. Den Ivan Szelényi huet him déi nei entstane Plaz als Professer fir Zentral- an Osteuropäesch Geschicht op der UCLA zu Los Angeles ugebueden. De Berend, dee schonn 58 Joer al war, huet fir d'éischt ofgeleent mä de Szelényi huet net labber gelooss. 1990 ass de Berend dunn, zesumme mat senger zweeter Fra Kati, an d'Vereenegt Staaten ausgewandert.[32]

Fuerschung[änneren | Quelltext änneren]

Den Ivan T. Berend huet sech zanter dem Ufank vu senger Carrière mat Wirtschafts- a Sozialgeschicht am Zentral- an Osteuropäesche Kontext beschäftegt an ausenaner gesat. Besonnesch Gewiicht huet en dobäi op d'geschichtlech a problemorientéiert Erfuerschung vun der Wirtschaft a senger Heemecht Ungarn geluecht. Schonn am Laf vu senger Studienzäit war hie Member vun der Fuerschungsgrupp iwwer d'ungaresch Wirtschaftsgeschicht am 19. an 20. Joerhonnert ëm säi fréiere Geschichtsprofesser, den Zsigmond Pál Pach.[27]

Dobäi huet e sech net nëmme mat de wirtschaftlech Aspekter vun de geschichtlechen Evenementer ausernee gesat mä och fir d'kulturell an ideologesch Aspekter hanner de politesche Systemer wéi de Kapitalismus oder Sozialismus intresséiert, ëmmer mam Schwéierpunkt op Ungarn.[33]

Markant Persounen am Berend sengem Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Ënner all deene Leit, déi de Berend am Laf vu senger Carrière kennegeléiert huet, kënnen hei zwou Perséinlechkeete besonnesch ervirgehuewe ginn: de Zsigmond Pál Pach engersäits an de György Ránki anerersäits. De Pach huet him de Goût fir Geschicht vermëttelt an am jonke Bouf d'Bedierfnis ervirgeruff, d'Welt mëttels der Geschicht ze verstoen. Nach wärend senger Lycéeszäit huet en um Pach senge Virliesungen op Universitéit deelgeholl an huet ugefaangen, éischt Recherchen z'ënnerhuelen.[27] Spéider huet en ënner dem Pach studéiert. Bis zum Pach sengem Doud 2001 war de Berend en enke Frënd mat Zich vun engem Papp a gläichzäiteg säi Mentor a Fërderer.[34]

De György Ránki huet zanter 1946 eng déif Frëndschaft mam Berend verbonnen, déi zum Deel op enger ganzer Rei vu Gemeinsamkeeten an hire respektive Liewen opgebaut huet. Zesummen hu si eng ganz Rei vun Artikelen a Monographië publizéiert. Dem Ránki säi fréien Doud mat 58 Joer hat de Berend schwéier getraff.[35]

De Berend ass ënner anerem och e gudde Frënd vum britteschen Historiker Eric Hobsbawm.[36]

Éierungen a besonnesch Auszeechnungen (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • 1973 Korrespondent vun der Ungarescher Wëssenschaftsakademie, säit 1979 ass hien e vollständege Member.
  • 1980 Korrespondent vun der Royal Historical Society.
  • 1984 krut hien den Éierendoktertitel vun der St. John's Universitéit zu New York iwwerreecht.
  • 1986 gouf hie Member vun der Europäescher Akademie vun de Kënscht, Wëssenschaften an Humanitéiten
  • 1988 gouf hien Éieremember an der Bulgarescher an der Tschechoslowakescher Akademie vun de Wëssenschaften.
  • 1989 ass hien der Academia Europea bäigetrueden. Am selwechte Joer gouf en och Korrespondent vun der éisträichescher an der brittescher Akademie vun de Wëssenschaften a vun der Gesellschaft fir Südosteuropäesch Studie mat Sëtz zu München.
  • 1989-93 gouf e Member vun der Blue Ribbon Kommissioun, déi sech mat der Vermaarktung an der Privatiséierung vun Ungarn beschäftegt huet.
  • 1989-90 war hie President vun de Beroder vum ungaresche Premierminister.
  • 1990 Iwwerreechung vum den Éierendoktertitel vun der Universitéit zu Glasgow.
  • 1995 Iwwerreechung vum den Éierendoktertitel vun der Janus Pannonius Universitéit zu Pécs an Ungarn.
  • 1996 gouf en Éieremember vun der portugisescher Associatioun fir International Relatiounen.
  • 2005 krut hien d'Konstantin Jireček Goldmedail fir seng liewenslaang Verdéngschter an der Fuerschung iwwer Südosteuropa vun der Südosteuropa Gesellschaft iwwerreecht.
  • 2005-10 Member vum Beroderkrees vun der Ungarescher Regierung.

Wierker a Publikatiounen (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

Den Ivan T. Berend kann, ouni Weideres, als ausserurdentlech produktiven Auteur a Fuerscher charakteriséiert ginn. Säit hien 1955 am Alter vu 25 Joer, seng éischt Monographie, déi aus enger Zesummenaarbecht mat sengem enke Frënd an Historiker György Ránki ervirgaangen ass, verëffentlecht huet, huet hien 28 Biicher an iwwer 120 Artikelen publizéiert.[37] Eng Rëtsch vu senge Publikatioune goufen an aner Sproochen iwwersat, ënner anerem op Iatalienesch, Japanesch a Portugisesch. De gréissten Deel vu senge Publikatiounen huet de Berend a senger Mammesprooch, dem Ungareschen, geschriwwen. Eréischt zanter en an den USA lieft, ass d'Korrespondenzsprooch op Englesch changéiert.[3]

Artikelen[änneren | Quelltext änneren]

  • Berend, Ivan T., The Failure of Economic Nationalism: Central and Eastern Europe before World War II. In: Revue économique, Vol. 51, No. 2, De l'Europe d'avant-guerre à l'Europe d'aujourd'hui: Regards sur l'Europe de 1939 (2000), S. 315-322.
  • Berend, Ivan T., Balkan Economic Development. In: The Economic History Review, New Series, Vol. 37, No. 2 (1984), S. 268-273.
  • Berend, Ivan T., The Historical Evolution of Eastern Europe as a Region. In: International Organization, Vol. 40, No. 2, Power, Purpose, and Collective Choice: Economic Strategy in Socialist States (1986), S. 329-346.
  • Berend, Ivan T. / HORVATH, George K., Growth Path and Capital Intensity. In: Eastern European Economics, Vol. 27, No. 2 (Winter, 1988-1989), S. 44-74.
  • Berend, Ivan T. / RÁNKI, György, Economic Problems of the Danube Region after the Break-Up of the Austro-Hungarian Monarchy. In: Journal of Contemporary History, Vol. 4, No. 3, Urbanism (1969), S. 169-185.
  • Berend, Ivan T. / RÁNKI, György, L'évolution économique de l'Europe orientale entre les deux guerres mondiales. In: Annales. Histoire, Sciences Sociales 33, No. 2 (1978), S. 389-407.

Monographien[änneren | Quelltext änneren]

  • Újjáépítés és a nagytőke elleni harc Magyarországon 1945–1949. Budapest 1962.
  • A szocialista gazdaság fejlődése Magyarországon. Budapest 1974.
  • Napjaink – a történelemben. Budapest 1980.
  • Válságok évtizedek. Budapest 1982.
  • Gazdasági útkeresés 1956-1965. (Economic reorientation in Hungary, 1956-65). Budapest 1983.
  • The Crisis Zone of Europe. Cambridge 1986.
  • A magyar gazdasági reform útja. Budapest 1988.
  • Hungarian Economic Reforms 1953-1988. Cambridge 1990.
  • Transition to a Market Economy at the End of the 20th Century. München 1994.
  • Central and Eastern Europe 1944-1993: Detour from the Periphery to the Periphery. Cambridge 1996.
  • Long-Term Structural Changes in Transforming Central and Eastern Europe. München 1997.
  • Decades of Crisis: Central and Eastern Europe Before World War II. Berkeley/Los Angeles 1998.
  • History Derailed: Central and Eastern Europe in the ‘Long' 19th Century. Berkeley/Los Angeles 2003.
  • An Economic History of 20th Century Europe. Economic Regimes from the Laissez-Faire to Globalization. Cambridge 2006.(Vun 2008-10 a vill aner Sproochen iwwersat).
  • From the Soviet Bloc to the European Union. The Economic and Social Transformation of Central and Eastern Europe Since 1973. Cambridge 2009.
  • History in My Life. A Memoir of Three Areas. Budapest/New York 2009.
  • Europe Since 1980. Cambridge 2010.

An Zesummenaarbecht mam György Ránki[änneren | Quelltext änneren]

  • Magyarország gyáripara 1900–1914. Budapest 1955.
  • Magyarország gyáripara a második világháború előtt és a háború időszakában 1933–1944. Budapest 1958.
  • Magyarország a fasiszta Németország „életterében” 1933–1939. Budapest 1960.
  • Közép-Kelet-Európa gazdasági fejlődése a 19–20. Századba. Budapest 1966.
  • A magyar gazdaság száz éve 1848–1944. Budapest 1973.
  • Gazdaság és társadalom. Budapest 1974.
  • Economic Development of East-Central Europe in the 19th and 20th Centuries. New York 1974.
  • Hungary - a Century of Economic Development. Newton Abbot 1974.
  • Gazdasági elmaradottság, kiutak és kudarcok a 19. századi Európában. Budapest 1979.
  • Underdevelopment and Economic Growth. Budapest1979.
  • The Europea Periphery and Industrialization 1780-1914. Cambridge 1982.
  • The Hungarian Economy in the Twentieth Century. Beckenham 1985.
  • Európa gazdasága a 19. században, 1780-1914. (An Economic History of Europe 1780-1914). Budapest 1987.

Quellen[änneren | Quelltext änneren]

Artikelen[änneren | Quelltext änneren]

  • Hobsbawm, Eric, Portrait de l'historien en franc-tireur. In: Revue d'histoire moderne et contemporaine 53, No. 4 bis, Supplément: Bulletin de la Société d'Histoire Moderne et Contemporaine: Eric J. Hobsbawm, un parcours d'historien dans le siècle (2006), S. 72-76.
  • Sundhaussen, Holm, Die Vorbereitung der sozialistischen Wirtschafts- und Gesellschaftsordnung in Ungarn 1945-1948. In: Jahrbücher für Geschichte Osteuropas, Neue Folge, Bd. 28, H. 4 (1980), S. 547-589.
  • Szamuely, L., INTENTIONS AND CONSTRAINTS. Reflections on reading Iván T. Berend's study. In: Acta Oeconomica, Vol. 40, No. 1/2 (1989), pp. 150–159.

Monographien[änneren | Quelltext änneren]

  • Berend, Ivan T., History in My Life. A Memoir of Three Areas. Budapest/New York 2009.
  • Molnár, Miklós, A Concise History of Hungary. Cambridge 2009⁶.

Internetsäiten[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Sundhaussen, Holm, Die Vorbereitung der sozialistischen Wirtschafts- und Gesellschaftsordnung in Ungarn 1945-1948. In: Jahrbücher für Geschichte Osteuropas, Neue Folge, Bd. 28, H. 4 (1980), S. 576.
  2. Berend, History in my life. S. 140; 201; 221.
  3. 3,0 3,1 http://www.history.ucla.edu/people/faculty?lid=36 (Leschten Opruff 27. 05. 12)
  4. Berend, History in my life, S. 1ff.
  5. Berend, History in my Life, S. 5.
  6. Berend, History in my Life, S. 6.
  7. Berend, History in my Life. S. 15f.
  8. Berend, History in my Life, S. 10.
  9. 9,0 9,1 Berend, History in my Life, S. 11.
  10. Berend, History in my Life, S. 12f.
  11. Molnár, Miklós, A Concise History of Hungary. Cambridge 2009⁶. S. 282f.
  12. Molnár, History of Hungary, S. 288f.
  13. Molnár, History of Hungary, S. 291ff.
  14. Berend, History in my Life, S. 22.
  15. Berend, History in my Life, S. 23.
  16. Berend, History in my Life, S. 21.
  17. Berend, History in my Life, S. 26.
  18. Berend, History in my Life, S. 27ff.
  19. Berend, History in my Life, S. 44f.
  20. Berend, History in my Life, S. 173.
  21. Berend, History in my Life, S. 170f.
  22. Berend, History in my Life, S. 171.
  23. Berend, History in my Life, S. 75.
  24. Berend, History in my Life, S. 76f.
  25. 25,0 25,1 Berend, History in my Life, S. 77.
  26. Berend, History in my Life, S. 77f.
  27. 27,0 27,1 27,2 Berend, History in my Life, S. 78.
  28. 28,0 28,1 28,2 http://www.sscnet.ucla.edu/history/berend/CURRICUL.html (leschten Opruff 30. 05. 12)
  29. Berend, History in my Life, S. 85.
  30. BEREND, History in my Life, S. 175.
  31. Berend, History in my Life, S. 177.
  32. Berend, History in my Life, S. 234-238.
  33. Szamuely, L., INTENTIONS AND CONSTRAINTS. Reflections on reading Iván T. Berend's study. In: Acta Oeconomica, Vol. 40, No. 1/2 (1989), pp. 151f.
  34. Berend, History in my Life, S. 175.
  35. Berend, History in my Life, S. 121.
  36. Hobsbawm, Eric, Portrait de l'historien e franc-tireur. In: Revue d'histoire moderne et contemporaine 53, No. 4 bis, Supplément: Bulletin de la Société d'Histoire Moderne et Contemporaine: Eric J. Hobsbawm, un parcours d'historien dans le siècle (2006), S.76
  37. Berend, History in my life, S. 122.