Rainer Werner Fassbinder
Rainer Werner Fassbinder | |
---|---|
![]() (Grafik) | |
Pseudonym | Franz Walsch |
Gebuer |
31. Mee 1945 Bad Wörishofen |
Gestuerwen |
10. Juni 1982 München |
Doudesursaach | Häerzkollaps |
Nationalitéit | Westdäitschland |
Aktivitéit | Dréibuchauteur, Dramatiker, Filmregisseur, Schauspiller, Filmediteur, Televisiounsregisseur, Kameramann, Filmproduzent, Filmschauspiller, Theaterregisseur, Auteur, Theaterschauspiller, Televisiounsschauspiller, Regisseur |
Famill | |
Bestuet mat | Ingrid Caven, Juliane Lorenz, Udo Kier |
Mamm | Liselotte Eder |


De Rainer Werner Fassbinder, gebuer den 31. Mee 1945 zu Bad Wörishofen, Bayern, a gestuerwen den 10. Juni 1982 zu München, war en däitsche Film- a Büneregisseur, Filmproduzent, Dréibuchauteur a Schauspiller.
De Fassbinder wollt d'Filmhéichschoul zu Berlin besichen, hie gouf awer net zougelooss. 1968 schreift e säin éischt Theaterstéck (Katzelmacher). E grënnt da mat der Irm Hermann, der Hanna Schygulla, dem Peer Raben an dem Kurt Raab de Grupp Antitheater.
Vun 1969 un dréint de Fassbinder ee Film nom aneren.
Seng éischt Filmer bis 1974 dréint de Fassbinder haaptsächlech mat de Schauspiller aus dem Antitheater.
1971 schreift hien eng Etüd iwwer d'Melodramen déi den Douglas Sirk zu Hollywood gedréint huet. A spéidere Filmer inspiréiert de Fassbinder sech och um Stil vun deene Mélodramen.
Ufank der 70er Joren dréit de Fassbinder eng ganz Serie bedeitend Filmer wéi: Der Händler der vier Jahreszeiten, Wildwechsel an Die bitteren Tränen der Petra von Kant.
1979 dréint de Fassbinder dunn Die Ehe der Maria Braun den éischte Film aus der sougenannter BRD Trilogie. Den zweete Film war Lola, an als drëtte koum Die Sehnsucht der Veronika Voss. Ouni Zweiwel déi dräi klasseschst a bescht Filmer vum Fassbinder.
Televisounsgeschicht huet hien och mat der Verfilmung an 13 Deeler (15 ½ Stonnen) vum Alfred Döblin sengem Roman Berlin Alexanderplatz geschriwwen.
De Fassbinder huet séier geschafft; mat Drogen huet hie sech gedoppt. Mat 37 Joer ass en un enger Iwwerdosis gestuerwen.
Filmographie[änneren | Quelltext änneren]
Als Regisseur[änneren | Quelltext änneren]
Kino[änneren | Quelltext änneren]
- Querelle (1982) mam Franco Nero a Jeanne Moreau
- Die Sehnsucht der Veronika Voss (1981) mam Rosel Zech a Cornelia Froboess
- Theater in Trance (1981) (Dokumentarfilm)
- Lola (1981) mam Barbara Sukowa a Mario Adorf
- Lili Marleen (1980) mam Hanna Schygulla a Giancarlo Giannini
- Die dritte Generation (1979) mam Margit Carstensen an Eddie Constantine
- Die Ehe der Maria Braun (1978) mam Hanna Schygulla an Ivan Desny
- In einem Jahr mit 13 Monden (1978) mam Ingrid Caven an Eva Mattes
- Despair - Eine Reise ins Licht (1977) mam Dirk Bogarde an Andréa Ferréol
- Deutschland im Herbst (zesumme mat anere Regisseuren) (1977)
- Chinesisches Roulette (1976) mam Anna Karina a Macha Méril
- Satansbraten (1976) mam Kurt Raab a Margit Carstensen
- Mutter Küsters' Fahrt zum Himmel (1975) mam Brigitte Mira an Ingrid Caven
- Faustrecht der Freiheit (1974) mam Peter Chatel a Karlheinz Böhm
- Fontane Effi Briest (1974) mam Hanna Schygulla a Karlheinz Böhm
- Angst essen Seele auf (1974) mam Brigitte Mira a El Hedi ben Salem
- Die bitteren Tränen der Petra von Kant (1972) mam Margit Carstensen an Hanna Schygulla
- Wildwechsel (1972) mam Eva Mattes an Harry Baer (TV: 2.872 m / Kino: 2.787 m)
- Händler der vier Jahreszeiten (1971) mam Hans Hirschmüller, Irm Hermann an Hanna Schygulla
- Warnung vor einer heiligen Nutte (1970) mam Lou Castel an Eddie Constantine
- Whity (1970) mam Günther Kaufmann an Hanna Schygulla
- Das Kaffeehaus ( 1970) mam Margit Carstensen a Peer Raben
- Der amerikanische Soldat (1970) mam Margarethe von Trotta an Ingrid Caven
- Warum läuft Herr R. Amok? (1969) vum R.W.F a Michael Fengler mam Kurt Raab an Hanna Schygulla
- Götter der Pest (1970) mam Hanna Schygulla a Margarethe von Trotta
- Katzelmacher (1969) mam Hanna Schygulla an Irm Hermann
- Liebe ist kälter als der Tod (1969) mam Hanna Schygulla an Ulli Lommel
- Das kleine Chaos (Kuerzfilm) (1966) mam Rainer Werner Fassbinder
- Der Stadtstreicher (Kuerzfilm) (1965) mam Michael Fengler a Christoph Roser
Televisioun[änneren | Quelltext änneren]
- Berlin Alexanderplatz (TV-Serie) (1979) mam Günter Lamprecht an Elisabeth Trissenaar
- Frauen in New York (1977) mam Irm Hermann an Eva Mattes
- Bolwieser (1976) mam Kurt Raab a Elisabeth Trissenaar
- Ich will doch nur, dass ihr mich liebt (1975) mam Vitus Zeplichal a Elke Aberle
- Angst vor der Angst (1975) mam Margit Carstensen an Adrian Hoven
- Wie ein Vogel auf dem Draht (1974) mam El Hedi ben Salem a Brigitte Mira
- Martha (1973) mam Margit Carstensen a Karin Baal
- Welt am Draht (TV-Serie) (1973) mam Klaus Löwitsch a Barbara Valentin
- Nora Helmer (1973) mam Margit Carstensen a Joachim Hansen
- Bremer Freiheit (1972) mam Hanna Schygulla a Wolfgang Kieling
- Acht Stunden sind kein Tag (TV-Serie) (1972) mam Gottfried John an Hanna Schygulla
- Pioniere in Ingolstadt (1970) mam Hanna Schygulla an Harry Baer
- Die Niklashauser Fart (1970) vum R.W.F. a Michael Fengler mam Hanna Schygulla a Michael König
- Rio das Mortes) (1970) mam Hanna Schygulla a Michael König
Als Schauspiller[änneren | Quelltext änneren]
Kino[änneren | Quelltext änneren]
- Kamikaze 1989 (1982) vum Wolf Gremm
- Die Sehnsucht der Veronika Voss (1982)
- Heute spielen wir den Boß (1981) vum Peer Raben
- Lili Marleen (1981)
- Bourbon Street Blues (1979) vum Hans Schönherr an Douglas Sirk
- Die Ehe der Maria Braun (1979)
- Adolf und Marlene (1977) vum Ulli Lommel
- Schatten der Engel (1976) vum Daniel Schmid
- Faustrecht der Freiheit (1975)
- Angst essen Seele auf (1974)
- Die Zärtlichkeit der Wölfe (1973) vum Ulli lommel
- Händler der vier Jahreszeiten (1972)
- Warnung vor einer heiligen Nutte (1971)
- Whity (1971)
- Haytabo (1971) vum Ulli Lommel
- Der amerikanische Soldat (1970)
- Mathias Kneissl (1970) vum Reinhard Hauff
- Götter der Pest (1970)
- Sonja und Kirilow haben sich entschlossen Schauspieler zu werden und die Welt zu verändern (1970) vum Ursula Strätz
- Katzelmacher (1969)
- Liebe ist kälter als der Tod (1969)
- Alarm (1969) vum Dieter Lemmel
- Der Bräutigam, die Komödiantin und der Zuhälterr (1968) vum Jean-Marie Straub
- Mit Eichenlaub und Feigenblatt (1968) vum Franz-Josef Spieker
- Das kleine Chaos (1966)
- Der Stadtstreicher (1966) (
Televisioun[änneren | Quelltext änneren]
- Polnischer Sommer (1981) vum Jürgen Flimm
- Ich will doch nur, daß ihr mich liebt (1976)
- Die Wohngenossin (1975) vum Nicos Perakis
- Bremer Freiheit (1972)
- Die Ahnfrau - Oratorium nach Franz Grillparzer (1971) vum Peer Raben
- Supergirl - Das Mädchen von den Sternen (1971) vum Rudolf Thome
- Rio das Mortes (1971)
- Der plötzliche Reichtum der armen Leute von Kombach (1971) vum Volker Schlöndorff
- Die Niklashauser Fart (1970)
- Baal (1970) vum Volker Schlöndorff
- Frei bis zum nächsten Mal (1969) vum Korbinian Koeberle
- Al Capone im deutschen Wald (1969) vum Franz Peter Wirth
- Tonys Freunde (1967) vum Paul Vasil
Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]
Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]
Commons: Rainer Werner Fassbinder – Biller, Videoen oder Audiodateien |