Gérard Blain

Vu Wikipedia
Gérard Blain
De Gérard Blain am Film "I Delfini" (1960)
Gebuer 23. Oktober 1930
Paräis
Gestuerwen 17. Dezember 2000
Paräis
Doudesursaach Kriibs
Nationalitéit Frankräich
Educatioun Cours Simon
Aktivitéit Filmregisseur, Dréibuchauteur, Filmschauspiller, Regisseur
Famill
Bestuet mat Bernadette Lafont, Estella Blain
Kanner Paul Blain

De Gérard Blain, gebuer den 23. Oktober 1930 zu Paräis an do gestuerwen de 17. Dezember 2000, war e franséische Schauspiller, Filmregisseur an Dréibuchauteur.

Biographie[änneren | Quelltext änneren]

De Gérard Blain huet mat 13 Joer d'Schoul verlooss an huet op der Strooss gelieft.

A senger Autobiographie Un enfant dans la foule schreift hien iwwer sech: Depuis mon enfance, je me considère avec la société en état de légitime défense.

Bei de Film kënnt hien duerch Statisterollen. Am Alter vu 26 Joer kritt hie vum Julien Duvivier eng grouss Roll am Film Voici le temps des assassins. A Filmer vum Claude Chabrol wéi Les cousins a Le beau Serge kritt hien Haaptrollen ze spillen. Hollywood bitt him eng Roll am Film Hatari vum Howard Hawks mam John Wayne an Hardy Krüger.

Vun 1970 un huet hien et och als Filmregisseur versicht mat Filmer wéi Les amis a Le pélican.

De Gérard Blain huet als Schauspiller a méi wéi 60 Filmer matgespillt.

Filmer[änneren | Quelltext änneren]

Schauspiller (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

Regisseur[änneren | Quelltext änneren]

Dréibuchauteur[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]