Pierre Tchernia
Pierre Tchernia | |
---|---|
Gebuertsnumm | Pierre Tscherniakowsky |
Gebuer |
29. Januar 1928 13. Arrondissement |
Gestuerwen |
8. Oktober 2016 18. Arrondissement |
Nationalitéit | Frankräich |
Educatioun | Institut des hautes études cinématographiques |
Aktivitéit | Dréibuchauteur, Filmproduzent, Journalist, Filmregisseur, Theaterschauspiller, Animateur, Filmschauspiller, Televisiounsschauspiller |
De Pierre Tchernia, gebuer den 29. Januar 1928 zu Paräis als Pierre Tcherniakowski, an och do den 8. Oktober 2016 gestuerwen[1], war e franséischen Dréibuchauteur, Regisseur, Filmproduzent, Moderateur, Animateur a Schauspiller.
Hie war iwwer en halleft Joerhonnert op der franséischer Televisioun aktiv, vun den éischten Noriichtesendungen 1949, wouvunner hien ee vun den éischte Speaker war, iwwer Diskussiouns-, Quiz- a Museksemissiounen, déi e moderéiert huet, bis hin zu där iwwer Kino (hien hat de Spëtznumm Monsieur Cinéma) an zulescht Nostalgie-Sendungen, wou populär (Televisiouns-)Evenementer vun de vergaangene Joerzéngten Revue passéiert goufen.
Als Frënd vum René Goscinny a vum Albert Uderzo huet hien d'Dréibicher vu véier Astérix-Filmer geschriwwen, a gouf vun hinnen an deem engen oder anere Comic karikéiert.
Hien huet och Dréibicher fir e puer Spillfilmer geschriwwen, bei e puer (dorënner Le Viager a Les Gaspards) och d'Regie gefouert, an hat déi eng oder aner méi kleng Roll a Kinos- oder Tëleesfilmer.
De 14. Juli 2011 gouf hien zum Commandeur de la Légion d'honneur ernannt.
Filmographie
[änneren | Quelltext änneren]Kino
[änneren | Quelltext änneren]als Regisseur
[änneren | Quelltext änneren]- 1971: Le viager - Haaptacteuren: Michel Serrault, Michel Galabru
- 1974: Les Gaspards - Haaptacteuren: Michel Serrault, Philippe Noiret
- 1979: La gueule de l'autre - Haaptacteuren: Jean Poiret, Michel Serrault, Curd Jürgens
- 1988: Bonjour l'angoisse - Haaptacteuren: Michel Serrault, Guy Marchand
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ "Pierre Tchernia est mort," op lemonde.fr