18. Arrondissement vu Paräis

Vu Wikipedia
18. Arrondissement vu Paräis
Quartieren Grandes-Carrières,
Clignancourt,
Goutte d’Or,
La Chapelle
Buergermeeschter Éric Lejoindre
Awunner 188.446
Fläch 6,01 km²
Postcode 75018
INSEE-Code 75118
Koordinaten 48°53'31,74"N, 2°20'40,01"O


Den 18. Arrondissement ((fr) och nach Arrondissement de la Buttes-Montmartre ) ass ee vun zwanzeg Stadbezierker vu Paräis. E begräift all kéier en Deel vun de fréiere Gemenge Montmartre a La Chapelle a vum Duerf Clignancourt, déi den 1. Januar 1860 an d'Stad Paräis integréiert goufen.

Den Arrondissement gëtt markéiert duerch den Hiwwel Montmartre an am Osten duerch grouss Gleisanlagen déi déi verschidden Zuchstrecke südlech un d'Gare de l'Est an d'Gare du Nord am 10. Arrondissement uschléissen. D'Eisebunn trennt de Quartier La Chapelle vum Rescht vum Arrondissement. Dominant ass eng iwwer zwee Kilometer laang Bréck vun der Metroslinn 2 mat véier Statiounen, déi zanter 1903 iwwer déi genannt Gleise féiert.

Geographesch Lag[änneren | Quelltext änneren]

Den 18. Arrondissement läit um rietsen Uwänner vun der Seine. E grenzt am Osten un den 19., am Westen un de 17. an am Süden un den 9. an 10. Arrondissement. Am Norde stéisst en un d'Gemenge Saint-Ouen und Saint-Denis am Departement Seine-Saint-Denis.

Quartieren[änneren | Quelltext änneren]

Wéi all Paräisser Arrondissement ass en a véier administrativ Quartieren ënnerdeelt:

  • 69. Quartier des Grandes-Carrières
  • 70. Quartier de Clignancourt
  • 71. Quartier de la Goutte d'Or
  • 72. Quartier de La Chapelle

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]

Kleng Auswiel:

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: 18. Arrondissement vu Paräis – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]