8. Arrondissement vu Paräis

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
8. Arrondissement vu Paräis
Blason ville fr Paris VIII.svg
Place de la Concorde 3, Paris June 2010.jpg
Quartieren Champs-Élysées,
Faubourg-du-Roule,
Madeleine,
Europe
Buergermeeschter Jeanne d'Hauteserre
Awunner 37.053
Fläch 3,88 km²
Postcode 75008
INSEE-Code 75108
Koordinaten 48°52'27"N, 2°18'40"O
Paris 8e arr jms.gif

Den 8. Arrondissement ((fr) och nach Arrondissement de l’Élysée) ass ee vun zwanzeg Stadbezierker vu Paräis. En ass wärend der Extensioun vun der Stad a Richtung Westen, an der Mëtt vum 19. Joerhonnert entstanen.

An dësem Arrondissement konzentréiert sech e groussen Deel vum Geschäftsliewe vu Paräis mat enger deementspriechend héijer Zuel vun Aarbechtsplazen. Mam Sëtz vum franséische Staatspresident, mam Inneministère, enge sëllechen Ambassaden an internationale Medienhaiser ass den 8. Arrondissement de wichtegste politeschen Zentrum vun der Haaptstad.

Geographesch Lag[änneren | Quelltext änneren]

Den 8. Arrondissement läit direkt um rietsen Uwänner vun der Seine. E grenzt am Osten un den 9. an den 1. Arrondissement, am Westen un de 16. an am Nordwesten an Norden un de 17. Arrondissement. Op der aner Säit vum Floss läit de 7. Arrondissement.

Quartieren[änneren | Quelltext änneren]

Wéi all Paräisser Arrondissement ass en a véier administrativ Quartieren ënnerdeelt:

  • 29. Quartier des Champs-Élysées
  • 30. Quartier du Faubourg-du-Roule
  • 31. Quartier de la Madeleine
  • 32. Quartier de l’Europe

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]

Kleng Auswiel:

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: 8. Arrondissement vu Paräis – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]