Saint-Ouen-sur-Seine

Vu Wikipedia
Saint-Ouen-sur-Seine
d'Märei

d'Märei
d'Märei
Land Frankräich
Regioun Île-de-France
Departement Seine-Saint-Denis
Arrondissement Saint-Denis
Kanton Saint-Ouen
Postcode 93400
Gemengecode 93070
Koordinaten 43° 55’ 41’’ N
      02° 08’ 45’’ O
Fläch  4 310 ha
Schlass Saint-Ouen

Saint-Ouen-sur-Seine (bis Nov. 2018 just Saint-Ouen) ass eng franséisch Uertschaft a Gemeng an der Regioun Île-de-France, an der nërdlecher Banlieue vu Paräis. D'Awunner ginn Audoniens genannt.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Schonn am 1. Joerhonnert gouf et do e bewunnt Dierfchen.

Am 19. Joerhonnert gouf den Hafe vun der Seine méi grouss gemaach, an en Eisebunnsuschloss geluecht, soudatt et mat der Industrialiséierung schëtzeg an d'Luucht goung. Tëscht 1861 an 1896 huet d'Populatioun sech bannent 30 Joer vun 3.300 op 30.700 bal verzéngfacht. Wéinst de Fabréckhalen nobäi hu vill Immigrante sech zu Saint-Ouen néiergelooss. Zanter et vun den 1970er Joren u mat der Industrie biergof goung, goung do de Chômage an d'Luucht. Fir deem entgéintzewierken, goufen d' Docks de Saint-Ouen, wou fréier Schëffer gebaut goufen, an e Bürosquartier ëmstrukturéiert, wou haut eng Rëtsch Firme wéi Danone oder Citroën hire Sëtz, oder op d'mannst administrativ Strukturen hunn.

Vun 1945 bis 2014 war d'Gemeng vu Sain-Ouen a fester Hand vum PCF, zanterhier ass de William Delannoy vun der UDI neie Buergermeeschter.

Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]

Op der südlecher Grenz mat der Stad Paräis ass de Week-end a méindes de gréisste Floumaart vun der Paräisser Géigend. Weider ass do d'Schlass Saint-Ouen, dat de Louis XVIII. baue gelooss hat, an eng historesch Kierch ze gesinn.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Le Patrimoine des Communes de la Seine-Saint-Denis. Flohic Éditions, 2. Auflage, Paris 2002, ISBN 2-84234-133-3, S. 347–359.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Saint-Ouen (Seine-Saint-Denis) – Biller, Videoen oder Audiodateien