Vanity Fair (Magazine)

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem aktuelle Magasinn Vanity Fair. Fir fréier Magasinne mam selwechten Numm kuckt wgl. Vanity Fair (Magasinnen) a fir aner Begrëffer mat dem selwechten Numm kuckt wgl. Vanity Fair.
Eng Titelsäit vun 1916.

Vanity Fair ass en US-amerikanesche Magasinn, deen eemol am Mount vu Condé Nast Publications (déi zu der Mediegrupp Advance Publications gehéiert) erausgi gëtt. D'Theemen dréine sech gewéinlech ëm Perséinlechkeeten oder Sujeten aus dem Showbusiness oder der Moud, och alt emol ëm politesch oder gesellschaftlech Evenementer.

Se koum 1913 fir d'éischt an den USA eraus, wou s'aus dem Titel Dress and Vanity Fair ervirgoung. Virbild war eng brittesch Zäitschrëft, vun där Condé Nast d'Titelrechter kaf hat. Den Edward Steichen gouf zum Cheffotograf ernannt (wéi och vu Vogue aus dem selwechte Verlag). 1936, als Suite vun der Weltwirtschaftskris, gouf Vanity Fair mat Vogue zesummegeluecht, an eréischt 1983 nees als eegestänneg Publikatioun erausbruecht.

Et gëtt oder gouf Ofleeër a verschiddene Sproochen, wéi z. B. op Däitsch (2007-2009) oder Franséisch (2013-), woubäi d'Konzept an d'Schwéierpunkte vun den Theemen jee no Land variéiere kënnen. An Italie kënnt s'all Woch eraus.

D'Zäitschrëft huet an den USA eng Oplo vun 1,2 Milliounen Exemplairen.

Den Titel geet zeréck op dem William Makepeace Thackeray säi Roman Vanity Fair ("Joermaart vum Houfert").

Heiansdo huet d'Zäitschrëft iwwer seng traditionel Lieserschaft eraus vu sech schwätze gedoen, sou 2005, wéi de Bob Woodward an engem Artikel confirméiert huet, datt de W. Mark Felt an der Watergate-Affär den "Deep Throat" war; oder och fir déi eng oder aner Titelfoto (z. B. déi vun der Demi Moore, déi plakeg mat hirem décke Schwangerschaftsbauch an den 1990er Jore zu hëtzegen Diskussiounen an den USA gefouert huet).

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]