Joermaart vum Houfert, am engleschen Original Vanity Fair, ass e satiresche Roman vum William Makepeace Thackeray, nieft der George Eliot an dem Charles Dickens dee wichtegste Romanschreiwer am Victorianeschen Zäitalter.
Den Titel staamt vum Baptistepriedeger John Bunyan senger Allegorie Dem Pilger seng Rees (The Pilgrim's Progress from This World to That Which Is to Come) vu 1678, an där et ëm e Joermaart am Duerf Vanity geet.