Mediegrupp

Vu Wikipedia

E Mediegrupp oder Mediekonglomerat ass eng Entreprise, där verschidde Massemedie gehéieren, wéi zum Beispill Fernsee- a Radiosenderen, Zeitungs- an Zäitschrëfteverlagen, Filmproduktiounsentreprisen oder online Medien. Grouss Gruppe ginn och heiansdo Medienimperium genannt.

E Konglomerat ass eng grouss Entreprise, där eng Rei méi kleng Entreprise gehéiert, deenen hir Geschäfter generell näischt direkt mateneen ze dinn hunn.

Grouss Gruppen[änneren | Quelltext änneren]

Beispiller vu grousse Mediegruppe sinn:

Kritik[änneren | Quelltext änneren]

Kritiker vu grousse Mediegruppen beschëllege se, d'Medien ze dominéieren an ze zenséieren, besonnesch bei Informatiounen, déi géint den Interessi vun de Mediegruppe ginn.[1][2] Hinne gëtt och virgeworf, deelweis den Entertainment mat den Neiegkeeten ze vermëschen a sou Sensatiounsjournalismus ze favoriséieren.[2] En anere Virworf ass, datt se d'Kultur géife standardiséieren, wéi am Fall vun der Globaliséierung oder der Amerikaniséierung.[3]

En anere Kritikpunkt ass, datt d'Gruppéierung vu Medien zu manner onofhängege Meenunge géif féieren, an domat zu manner Diversitéit an den Neiegkeeten an zu manner Konkurrenz. Dat kann zu enger Reduktioun vun de Meenungen a vun de Standpunkte féieren - dat ass awer och net ëmmer de Fall.[1]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 University of Wisconsin-Madison: Media giants don’t always lead to less-diverse content (9. August 2004)
  2. 2,0 2,1 globalissues.org: Media Conglomerates, Mergers, Concentration of Ownership (2. Januar 2009)
  3. Omar Katerji, Why US Media Conglomerates Will Continue To Dominate the Global Media Landscape in the 21 st Century, But Only So At a Diminishing Rate, 2014