Watergate-Affär

Vu Wikipedia
D'Gebai vum Abroch: de Watergate-Komplex
Den Nixon no senger Récktrëttsried 1974

Watergate-Affär oder Watergate-Skandal ass den Numm vun engem innepolitesche Skandal an de Vereenegte Staaten, deen zum éischte Récktrëtt vun engem US-President gefouert huet.

Wärend dem Presidentschafts-Walkampf 1972 goufen an der Nuecht vum 17. Juni Abriecher gepëtzt, déi am Quartier général vun den Demokraten am Watergate Building zu Washington am Gaang waren, Oflauschter-Elektronik z'installéieren. Et huet sech erausgestallt, datt si dat fir de Walkommitee vun de Republikaner (Committee to Re-elect the President) gemaach hunn. Duerch déi zéi Nofuerschunge vu Journaliste vun der Washington Post, déi vun engem Deep Throat genannten Informant wichteg Informatioune kruten, koum eraus, datt enk Conseillere vum President Richard Nixon net nëmmen dovu woussten, ma och, datt si, wéi d'Saach bis opgeflu war, ënner der Leedung an der Matwierkung vum Nixon probéiert haten, hir Bedeelegung ze vertuschen.

Eng Rëtsch vum Nixon senge Mataarbechter, ë. a. de Justizminister, hu missen zerécktrieden a goufen zum Deel viru Geriicht gestallt a verurteelt. No enger Enquête vun enger Senatskommissioun, bei där Tounbänner vun de Gespréicher am Oval Office, dem President sengem Büro, eng wichteg Roll gespillt hunn, huet d'Droitskommissioun vum Representantenhaus decidéiert, eng sougenannt Impeachment-Prozedur an d'Weeër ze leeden, mat där den Nixon wéinst Mëssbrauch vu senger Funktioun, Behënnere vun der Justiz a Mëssuechte vum Kongress aus sengem Amt geheit sollt ginn.

Den Nixon huet deem virgegraff, huet sech zu engem Deel vu senger Schold bekannt, an ass den 9. August 1974 zeréckgetrueden. De Vizepresident Gerald R. Ford gouf doropshin den 38. President vun den USA. Hien huet dem Nixon Stroffräiheet accordéiert fir all ongesetzlech Handlungen am Zesummenhank mat der Watergate-Affär. 2005 gouf bekannt, datt den deemolege stellvertriedenden Direkter vum FBI, de Mark Felt, den Deep Throat war.

An der Suite vun der Watergate-Affär goufen an de Joren dono ëmmer nees grouss oder kleng Skandaler, déi méi oder manner an Zesummenhank mat illegale politesche Praktike stoungen, mam Suffix -gate genannt, vu Monicagate bis Nipplegate.