Diskussioun:Fritz Lang

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Film Noir oder Films Noirs ass e Begrëff aus der Filmwelt. Maache mir eis do net lächerlech wa mir Films Noiren schreiwen?

Johnny Chicago

D'Méizuel wier richteg mä seet sech effectiv schlecht. D'Fransouse gebrauchen se och anscheinend rar.
Dat gouf emol g'ännert op eng Manéier wou ee keng Méizuel brauch. Gouf och gebléizt. --91.180.92.247 08:52, 5. Nov. 2012 (UTC)[äntweren]
Moien, Déi orthographesch richteg Méizuel vu "Film noir" ass, zënter 1999, "Film-noiren" (cf. "Chargé-de-pouvoiren", "Aide-soignantën", asw.). Natierlech kann een der Saach stilistesch aus de Féiss goen, andeems een de Fachbegrëff an der Eenzuel léisst. --Zinneke (Diskussioun) 09:10, 5. Nov. 2012 (UTC)[äntweren]

Gudde Moien,

erlaabt mer trotzdem eng kleng Remarque. De Begrëff "Films noirs" fënnt een net nëmmen op der franséischer Wiki mee och op der englescher, der hollännescher an der däitscher Wiki. ! ! ! ! ! ! -- Johnny Chicago (Diskussioun) 12:54, 5. Nov. 2012 (UTC)[äntweren]

Dobäi fält och op datt mol wéinsten d'de:Wiki sech bei der Méizuel net eens ass, an och net an der normaler Rechtschreibung (Films Noirs / Film Noirs / Films noirs etc.), datt d'Hollänner d'Méizuel wéi d'Fransouse gebrauchen an d'Englänner dat heite soen In the French from which the term derives, the plural is films noirs. Standard English usage is films noir, as in "courts martial", "attorneys general", etc. but film noirs is listed in the Merriam-Webster Online Dictionary in first order of preference. Wéi hat d'Madame gesot: Et wor net sou einfach  :-)) --Les Meloures (Diskussioun) 13:27, 5. Nov. 2012 (UTC)[äntweren]