Tom Courtenay

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Tom Courtenay
Tom Courtenay Warren.jpg
Gebuer 25. Februar 1937
Kingston-upon-Hull
Nationalitéit Vereenegt Kinnekräich
Educatioun Royal Academy of Dramatic Art
Aktivitéit Schauspiller, Theaterschauspiller, Filmschauspiller
Wikidata-logo-without-paddings.svg

Den Tom Courtenay eigentlech Sir Thomas Daniel Courtenay, gebuer de 25. Februar 1937 zu Kingston upon Hull, Ost Riding vu Yorkshire, (England), ass en englesche Schauspiller.

Am Joer 1962 ass den Tom Courtenay als Schauspiller opgefall am Film The Loneliness of the Long Distance Runner vum Tony Richardson. Zwee vu sengen nächste Filmer Billy Liar (1963) vum John Schlesinger a King and Country (1964) vum Joseph Losey sinn um Filmfestival zu Venedeg gelaf.

Duerno ass hie beim breede Publikum bekannt ginn duerch seng Rollen an de Filmer Operation Crossbow (1965) vum Michael Anderson an Doctor Zhivago (1965) vum David Lean.

2012 war de Courtenay zesumme mat der Maggie Smith an der Pauline Collins am Film Quartet vum amerikanesche Schauspiller a Regisseur Dustin Hofmann ze gesinn.

Filmographie[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]