CinEast

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen

CinEast oder CinÉast ("Ciné East" ausgeschwat), mam laangen Numm Festival du Film d'Europe Centrale et Orientale, ass e Filmfestival, deen all Joer am Oktober zu Lëtzebuerg op verschiddene Plazen organiséiert gëtt.

En ass op Filmer aus Mëttel- an Osteuropa spezialiséiert. Ausser Spillfilmer ginn och Documentairen, Animatiouns- a Kuerzfilmer presentéiert. Nieft de Projektiounen (iwwer 100 verschidde Filmer) bitt de Festival och Debatten, Concerten, Ausstellungen, kulinaresch Evenementer an Animatioune fir Kanner. Déi bescht Filmer gi vun enger Jury a verschiddene Kategorien erausgesicht.[1]

2019 hat de Festival 11.200 Spectateuren.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

CinEast hat säin Urspronk als e klenge Festival fir polnesch Filmer. An de Joeren dono gouf e fir d'éischt op Tschechien, Ungarn an d'Slowakei ausgebreet, dunn op Filmer aus Rumänien, Bulgarien an den dräi Baltesche Länner, de Länner aus Ex-Jugoslawien, Albanien, Belarus, Moldawien an der Ukrain.

Qsicon Ueberarbeiten.svg 00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.


Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "Festival" op cineast.lu, gekuckt 03.11.2020.