Bady Minck

Vu Wikipedia
Bady Minck
Gebuertsnumm Madeleine Binck
Gebuer 21. Dezember 1956
Ettelbréck
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Filmregisseur, Sculpteur, Dréibuchauteur, Filmproduzent

D'Bady Minck, gebuer den 21. Dezember 1956 zu Ettelbréck als Madeleine Binck[1],[2], ass eng lëtzebuergesch Kënschtlerin a Regisseurin, déi sech haaptsächlech mat Film ofgëtt. Si ass ganz villsäiteg a lieft a schafft, wéi se schreift, am: Spannungsfeld zwischen Film und bildender Kunst. Si lieft a pendelt tëscht Wien a Lëtzebuerg.

Formatioun a berufflech Orientatioun

Si huet zu Wien op der Akademie der bildenden Künste Skulptur (Meeschterklass vum Bruno Gironcoli) studéiert an op der Hochschule für angewandte Kunst (Meeschterklass vum Oswald Oberhuber a Maria-Lassnig-Klass) Molerei an experimentelle Film. Hir Wierker gi verbreet, net nëmmen iwwer de Kino, mä och duerch Ausstellungen (ë. a. Centre Pompidou Paräis, Moskau Biennale, Biennale di Venezia, Kunsthalle Wien, Mudam Lëtzebuerg, Lincoln Center New York), Filmfestivallen (ë. a. Festival de Cannes, Berlinale, Toronto, Melbourne), Internet a Konferenzen. Si ass Matgrënnerin vun der Prodiukriounsfirma AMOUR FOU Vienna zu Wien an AMOUR FOU Luxembourg déi zu Lëtzebuerg hire Sëtz huet. Hir Filmer goufen op méi wéi 500 Filmfestivaller gewisen.

Am Joer 2009 war si Member vum Jury vum Filmfestival vu Venedeg[3]

Filmer vun der Bady Minck

  • 2017 MappaMundi, 45 Min., Dréibuch/Regie, Premiere um Sundance Film Festival 2017
  • 2008 Schein Sein, 8 Min., Dréibuch/Regie, Premiere op der Berlinale 2008
  • 2007 Free Radicals, 95 Min., Konzept/Regie, Premiere op der Biennale Venedeg
  • 2007 Das Sein und das Nichts, 10 Min., Dréibuch/Regie, Premiere op der Biennale Venedeg
  • 2005 La Belle est la Bête, 3 Min., Dréibuch/Regie, Premiere um Film Festival Rotterdam 2005
  • 2003 Im Anfang war der Blick, 45 Min., Dréibuch/Regie, Premiere um Filmfestival vu Cannes
  • 1996 Mécanomagie, 16 Min., Dréibuch/Regie, Premiere um Film Festival Rotterdam 2005
  • 1995 Attwengers Luft, 3 Min., Dréibuch/Regie, Premiere um Filmfestival vu Locarno
  • 1988 Der Mensch mit den modernen Nerven, 8 Min., Dréibuch/Regie an Zesummenaaarbecht mam Stefan Stratil, Premiere um Filmfestival vu Cannes

Um Spaweck

Commons: Bady Minck – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

  1. IMDb
  2. Josée Hansen: Les arpenteurs du monde, D'Lëtzebuerger Land, 9. September 2010.
  3. Jurysmemberen 2009