Centre national d'art et de culture Georges-Pompidou

Vu Wikipedia
De Centre Georges-Pompidou, Paräis

1977 ass no de Pläng vun den Architekte Renzo Piano, Richard Rogers a Gianfranco Franchini de Centre national d'art et de culture Georges-Pompidou, och Centre Georges-Pompidou, Centre Pompidou oder Centre Beaubourg genannt, zu Paräis opgaangen, a gouf eng vun den touristeschen Haaptattraktioune vun der Stad.

Besonnesch d'Architektur vum Gebai aus Stol a Glas huet fir Opreegung gesuergt, an all d'Versuergungslinne sinn op der Fassad ubruecht. De Centre Pompidou gouf als Informatiounsbasar fir déi franséisch Bevëlkerung konzipéiert, dee fräien Zougang zu Wësse garantéiere soll. Am Centre Pompidou sinn d'Bibliothèque publique d'information an de Musée national d'art moderne mat enger immenser Sammlung vu Konschtwierker aus dem 20. Joerhonnert, virun allem Wierker vum Surrealismus, Fauvismus, Kubismus a vum Abstrakten Expressionismus. Organisatoresch ass de Centre Pompidou mam IRCAM (Institut de recherche et coordination acoustique/musique) verbonnen.

Den 12. Mee 2010 huet zu Metz de Centre Pompidou-Metz, eng dezentraliséiert Antenn vum Paräisser Centre Georges-Pompidou, seng Dieren opgemaach.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Centre Georges-Pompidou – Biller, Videoen oder Audiodateien
Portal vu Paräis – All d'Artikelen op dëser Wikipedia iwwer Paräis.