Richard Rogers

Vu Wikipedia
Richard Rogers
Gebuer 23. Juli 1933
Florenz
Gestuerwen 18. Dezember 2021
London
Nationalitéit Vereenegt Kinnekräich
Educatioun Architectural Association School of Architecture,
Yale School of Architecture,
St John's School,
Kingswood House School
Aktivitéit Architekt, Designer
Partei Labour Partei
Member vun Royal Academy, Académie d'architecture
Famill
Bestuet mat Ruth Rogers
Papp Nino Rogers
Mamm Dada Gelringer
Kanner Roo Rogers

De Richard George Rogers, Baron Rogers of Riverside, Kt, CH, gebuer den 23. Juli 1933 zu Florenz, a gestuerwen den 18. Dezember 2021 zu London, war en italieenesch-britteschen Architekt, Pritzker-Präisdréier 2007 a Life Peer.

Hien ass bekannt fir d'Entwërf vun ë. a. dem Centre national d'art et de culture Georges-Pompidou zu Paräis (mam Renzo Piano), dem Millennium Dome an dem Siège vun der Lloyd's zu London, dem Europäesche Geriichtshaff fir Mënscherechter zu Stroossbuerg, dem Gebai vun der National Assembly for Wales (Senedd), dem Ëmbau vun enger Stéierkampfarena zu Barcelona, den Terminal 5 vum Fluchhafe London-Heathrow an dem Fluchhafe Madrid-Barajas, dem neie Geriichtsgebai zu Antwerpen, an dem 357 Meter héijen Three World Trade Center um Ground Zero zu New York City.

Hien huet 1977 den Architektecabinet Richard Rogers Partnership gegrënnt, mat Büroen zu London, Barcelona, Madrid an Tokio. 2007 huet hien aner Societairë mat bäigeholl a s'a Rogers Stirk Harbour + Partners ëmgenannt.

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Zitat[änneren | Quelltext änneren]

I would like to be known for buildings which are full of light, which are light in weight, which are flexible, which have low energy, which are what we call legible — you can read how the building is put together.

Richard Rogers, 2007.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Richard Rogers – Biller, Videoen oder Audiodateien