Diskussioun:Bady Minck

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Gebuer 1960 oder 1964 ?? Les Meloures 12:28, 2 November 2006 (UTC)

an der Revue 20/2007 steet 1956 ???


Dat mam Gebuertsjoer erënnert mech un d' Dikussioun iwwer de Pedro Almodóvar...Et schéngt Léit ze ginn déi näischt dergéint hu wann hiere Gebuersdatum iergend wou steet, esoulaang en net richteg ass! --Fliedermaus 07:19, 4. Jun. 2008 (UTC)[äntweren]
  • 1956 steet an der Revue 20/2007 an engem Artikel iwwer d'Stad Ettelbréck
  • 1960 steet am Luxemburger Lexikon an an der Wortbeilag vun 2007 "100 Joër Ettelbréck"
  • 1962 steet hannen am Raymond Reuter sengem Buch "100 Lëtzebuerger ronderëm d'Welt"

--Fliedermaus 07:14, 5. Jun. 2008 (UTC)[äntweren]

Dan hale mer eis un de "Lexikon", deen d'Leit selwer gefrot hat, an dann huet et sech. Wann ech d'Fra eng Kéier begéinen, froen ech hir de Pass. E spezielle Merci un d'Fliedermaus, déi nees beleet, datt et am Ländchen net op e Gräppchen ugeet. --Cornischong 07:33, 5. Jun. 2008 (UTC)[äntweren]

"deen d'Leit selwer gefrot hat": dat däerft de Problem sinn.--Fliedermaus 06:58, 1. Sep. 2008 (UTC)[äntweren]

Kaffissaz a Kazendäerm. Neen, de Problem ass deen, datt der genuch hei sinn, déi eng Zuel an den Artikel schreiwen, ouni sech ze beméien, déi richteg Joreszuel ze recherchéieren. An all gudden Dag fält et nees engem an, d'Joer z'änneren. E flotten Zäitverdreif, dat muss ech zouginn. Muerzel


De Fliedermaus hat vun ufank u Recht mat 1956. Dat ass deen Datum dee si selwer bei der Grënnung vun der s.à r.l. Amour fou uginn huet. --Les Meloures (Diskussioun) 08:42, 16. Jan. 2017 (UTC)[äntweren]