Sixty8

Vu Wikipedia
Sixty8
Film
Produktiounsland Lëtzebuerg
Première 27. September 2017
Dauer 90 min
Originalsprooch Lëtzebuergesch
Ekipp
Regie Andy Bausch
Dréibuch Andy Bausch
Fotografie Carlo Thiel
Schnëtt Andy Bausch
Produzent Paul Thiltges, Adrien Chef
Schauspiller

Am Interview:
Gaston Vogel, Lucien Blau,
Frank Feitler, Jacqueline Breuer,
Paul Hammelmann, Charel Doerner,
Pit Hoerold, Charlie Hornemann,
Berthe Lutgen, Ben Nockels,
Guy Peiffer, Pierre Puth,
Men Maas, Monique Melsen,
André Hoffmann, Lambert Schlechter,
André Jung, Joseph Weydert,
Luke Haas, Leo Reuter,
Marc Wagner, Jean-Jacques Wathgen,
Robert Soisson, Marc Reckinger,
Pit Weyer, Anne Weyer,

Als Schauspiller:
Stephen de Groote
Al Ginter
Ella King
Martine Kohn
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

Sixty8 ass e lëtzebuergeschen Documentaire vum Andy Bausch.

En hat de 27. September 2017 Première.

Ëm wat geet et am Film?[änneren | Quelltext änneren]

De Film ass en Zesummeschnëtt aus Interviewe vun Zäitzeien, Dokumenter an nogestallten Zeenen. En erzielt op eng anekdotesch Aart a Weis d'Zäit ëm an nom Mee 1968 zu Lëtzebuerg, a méi prezis tëscht 1967 an 1971. Erzielt gëtt aus Siicht vun de Schüler a Studenten. Am Ganze goufe 25 Zäitzeien interviewt, dovun dräi Fraen.[1][2][3]

Ë. a. geet et ëm Maoisten, Hippien, d'Schülerzeitung Roud Wullmaus, d'Dany Cage Bar, d'Konsdrëffer Scheieren, de Planning familial, de Schülerstreik, asw.[4][5]

Kritik[änneren | Quelltext änneren]

Pablo Chimienti, Le Quotidien:[1]

Andy Bausch n'est ni journaliste ni historien, il peut donc se permettre d'être partial et de ne faire intervenir dans le film que d'anciens jeunes révoltés et personne ayant défendu l'ordre établi [...]. Un manque qui n'enlève cependant rien à l'intérêt de son projet. Reste qu'il faut aimer le style Bausch, avec ces entretiens à rallonge, ces présentations extrêmement sommaires des interlocuteurs, ces reconstitutions, ce montage rapide [...], un aspect extrêmement bavard et un côté décalé qui cherche toujours à faire rire.

Claude Wolf, Tageblatt:[2]

Andy Bausch hat es wiederum hervorragend verstanden, die zeitgenössische Geschichte auf verständliche Weise aufzuarbeiten. Den Zeugen und Gestaltern jener Zeit spricht er aus dem Herzen, den nachfolgenden Generationen bringt er die Ereignisse auf anschauliche Art und Weise näher. So wie man sich Geschichtsunterricht vorstellt.

Renée Wagener, Radio 100,7 a Woxx:[6]

Stëmmt also och hei de Sproch: „Geschicht gëtt vun deene geschriwwen, déi gewonnen hunn?” An dësem Fall also vun eelere Männer, déi ëmmer nach d'Muecht iwwert de gesellschaftlechen Discours hunn? Vläicht sollt een de Bléck ewech vum Andy Bausch senger Duerstellung vun der Welt riichten, da gesäit een, datt dat eng Pyrrhus-Victoire ass.

Danièle Wecker & Sonja Kmec, Forum:[7]

[E]ng historesch Erklärung an Interpretatioun vun enger Epoche kritt een am Bausch sengem Sixty8 net presentéiert. An typescher Bausch-Manéier hëlt een als Spectateur hei éischter Deel un enger gehuewener Bistrosronn. Ee filmescht Stilmëttel wéi de Split Screen setzt d'Charakteren (d'Zäitzeien) zesummen an d'Bild, sou datt den Androck entsteet, si géifen op hier géigesäiteg Discourse reagéieren. Dat verstäerkt d'Gefill, et géif ee mat hinnen um Staminee ze sëtzen. Dat ass u sech net wierklech ee Problem, mee et verléisst een de Film awer e bëssi onschlësseg. Ëm wat goung et dann hei eigentlech?

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 lequotidien: Quand Mai 68 se passe… en 71! vum Pablo Chimienti (22. September 2017)
  2. 2,0 2,1 tageblatt.lu: Als die Gesellschaft erwachte vum Claude Wolf (26 . September 2017)
  3. wort.lu: L'heure de gloire des «Rusty Boys» vum Marie-Laure Rolland (29. September 2017)
  4. wort.lu: Bauschs Rückblick und neue Agenten vum Daniel Conrad (27. September 2017)
  5. paperjam.lu: Mai 68 a eu lieu en avril 71 vum France Clarinval (26. September 2017)
  6. woxx.lu & Radio 100,7: Film: Männer vu gëscht a vun haut vum Renée Wagener (4. Dezember 2017)
  7. forum.lu: forum_C: „SIXTY8“ vum Andy Bausch vum Danièle Wecker & Sonja Kmec (30. Oktober 2017)