Foreign Affairs (Film 2016)

Vu Wikipedia
Foreign Affairs
Film
Produktiounsland Lëtzebuerg
Première 26. Februar 2016[1]
Dauer 75 min
Originalsprooch Lëtzebuergesch
Däitsch
Franséisch
Englesch
Ekipp
Regie Pasha Rafiy
Dréibuch Pasha Rafiy
Fotografie Jean-Louis Schuller
Nikos Welter
Narayan Van Maele
Schnëtt Marc Recchia
Produzent Gilles Chanial
Jean-Louis Schuller
Govinda Van Maele
(Les Films Fauves)
Schauspiller
keng (Documentaire)
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

Foreign Affairs ass en Dokumentarfilm vum Regisseur Pasha Rafiy iwwer de Lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn.

En hat 2016 seng Première um Lux Film Fest a koum de 27. Abrëll 2016 zu Lëtzebuerg an d'Kinoen.

Ëm wat geet et am Film?[änneren | Quelltext änneren]

De Film porträtéiert de Lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn bei sengen Déngschtreesen uechter d'Welt, wéi och bei senge Vëlostier; gewëssermoosse vum UNO-Sommet bis op de Sommet vum Mont Ventoux...

Fir Foreign Affairs gouf en iwwer eng Period vun 18 Méint vum Regisseur Pasha Rafiy begleet.[2]

Kritik[änneren | Quelltext änneren]

Der Spiegel:[3]

... Amüsant ist der Spagat zwischen der großen Weltbühne und der Luxemburger Provinz. Man sieht Asselborn beim Nickerchen auf dem häuslichen Sofa und bei der Gartenarbeit. Da tauscht der Minister Harke gegen Handy und erklärt dem österreichischen Bundespräsidenten Heinz Fischer ziemlich tollpatschig, dass es im Nahen Osten ein Problem zwischen Suniten und Schiiten gebe. Fazit: Detailkenntnis ist Asselborns Sache nicht. Ihm sei 'menschliche Nähe' wichtig.

Chantal Tonnar, Tageblatt:[4]

Seine Beziehung zu Jean-Claude Juncker, sein Privatleben und auch die Ursache für seine Beliebtheit werden durch den Film sehr klar. Allerdings gelingt es dem Porträt nicht, den Machtpolitiker und den durchaus kämpferischen Asselborn zu zeigen, der seine europäischen Ministerkollegen auch mal mit der Brechstange zu ihrem pro-europäischen und solidarischen Glück zwingt. Dennoch lohnt es sich, sich den humorvollen, unterhaltenden und eindrücklichen Film anzusehen.

David Angel, Woxx:[5]

Ein schlechter Film ist „Foreign Affairs“ nicht, er bleibt aber deutlich hinter den Erwartungen zurück. Für KinobesucherInnen, die über den Kontext der jeweiligen Szenen informiert sind und sich in der internationalen Politik auskennen, bietet er einen interessanten Einblick in das, was sich hinter den Kulissen abspielt. Auch Fans von Jean Asselborn dürften zumindest teilweise auf ihre Kosten kommen. Der Mangel an rotem Faden und Tiefgang sorgen aber dafür, dass der Film nicht unbedingt im Gedächtnis haften bleibt.

Filmpräisser[änneren | Quelltext änneren]

De Film gouf op enger Rei Filmfestivaller gewisen, dorënner zu Palm Springs (AmDocs Film Festival) an zu Shanghai (Shanghai International Film Festival). En ass an der offizieller Kompetitioun zu Oldenburg (Internationales Filmfest Oldenburg), Perm (Flahertiana) an Nyon (Visions du Réel) gelaf.

De Pasha Rafiy gouf fir Foreign Affairs an der Kategorie "Beschte Regisseur" bei de fënnefter Editioun vun den Trophées francophones du cinéma nominéiert, déi am Dezember 2017 zu Yaoundé am Kamerun organiséiert goufen.[6]

Soss[änneren | Quelltext änneren]

De Lëtzebuerger Filmfong huet d'Produktioun vum Film mat 330.000 Euro ënnerstëtzt.[7]

Bei der Première vum Film an de Rotondë waren den däitschen Ausseminister Frank-Walter Steinmeier, den éisträichesche President Heinz Fischer an déi Schwäizer Bundesrätin Simonetta Sommaruga present.[1][8]

De Jean Asselborn hat de Film eréischt bei der Première gesinn a virdru kee Reimaterial vum Film visionéiert.[2]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 5minutes.rtl.lu: "Foreign Affairs", une première pour le grand public (29. Februar 2016)
  2. 2,0 2,1 paperjam.lu: Jean Asselborn, héros malgré lui (22. Abrëll 2016)
  3. "Zwischen Handy und Harke." Der Spiegel 10/2016, S.135.
  4. tageblatt.lu: Asselborn-Doku ab heute im Kino (22. Abrëll 2016)
  5. woxx.lu: Pasha Rafiy : „Houere Géigewand!“ vum David Angel (28. Abrèell 2016)
  6. paperjam.lu: «Foreign Affairs» et «Eldorado» aux Trophées francophones (29. November 2017)
  7. filmfund.lu: Conseil d'administration décisions du 24 septembre 2014
  8. wort.lu: Mein Name ist Asselborn, Jean Asselborn (26. Februar 2016)