Filmpräis

Vu Wikipedia
Véier Filmpräisser am Däitsche Filmmusée: de Golden Globe, de Bambi, d'Filmband an d'Lola.

E Filmpräis ass eng Auszeechnung vun der Filmindustrie oder engem Filmfestival fir e Film oder Leit, déi un engem Film geschafft hunn, an déi eng besonnesch Prestatioun geliwwert hunn.

Als éischte Filmpräis gëtt de Photoplay Award ugesinn, dee vun der Filmfanzäitschrëft Photoplay schonn 1921 an d'Liewe geruff gouf. En huet bis 1969 existéiert an ass un déi beléiftste Schauspiller gaangen. Ee vun de weltwäit renomméiertste Filmpräisser, den Academy Award ("Oscar"), gëtt et zënter 1929 a gëtt fir eng bestëmme Performance oder Roll an engem Film verdeelt.

Als Géigestéck zum Oscar gouf 1980 den Negativpräis Golden Raspberry Award (d'"Gëllen Hammbier") an d'Liewe geruff, mat deem déi schlechtste Filmer a Schauspiller ausgezeechent ginn.

Gewënnerbestëmmung[änneren | Quelltext änneren]

De Gewënner vum Präis kann vun der Filmindustrie selwer, vun enger Filmfestivaljury oder duerch e Vott vum Public bestëmmt ginn.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Linken[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Filmpräisser – Biller, Videoen oder Audiodateien