Op den Inhalt sprangen

Hammbier

Vu Wikipedia
Hammbier
Rubus idaeus
Wëssenschaftlech Klassifikatioun
Räich Planzeräich
Ofdeelung Bléieplanzen
Klass Magnoliopsida
Ënnerklass Rosidae
Uerdnung Rosales
Famill Rosaceae
Gattung Rubus
Wëssenschaftlechen Numm
Rubus idaeus
L.

Hammbier (Rubus idaeus) ass den Numm vun enger Fruucht a vum Trausch, op deem se wiisst. Et ass eng Planzenaart vun der Gattung Rubus aus der Ënnergattung Idaeobatus.

D'Hammbier kënnt wëll a bal ganz Europa vir, wou et meeschtens um Bord vu Bëscher wiisst. Zanter der Antiquitéit ass et als Heelplanz bekannt, an zanter dem Mëttelalter gëtt et och a Gäert gezillt, am Ufank besonnesch a Kléischter.

Den Hammbiertrausch gëtt bis zu zwéi Meter héich, op de Rudde sëtzen dënn Stachelen.

Tëscht Mee an August wuesse vun den eenzele Schëtz aus Kludderen (de: „Rispen“) vu wäisse Bléien. All Bléi huet jee 5 Kielech- a Krounblieder an iwwer 20 Stëbs- a Fruuchtblieder. De Buedem vun der Bléi ass staark no bausse verwëlleft.

D'Friichten, déi meeschtens rout sinn (et gëtt och giel a schwaarz Zuuchtformen), sinn, anescht wéi den Numm et mengen deet, botanesch gesi keng Bieren, mä Sammelsteefriichten, déi sech aus den eenzele Fruuchtblieder bilden. Anescht wéi beim Schwaarzbier sëtzt d'Fruucht labber um Fruuchtbuedem a ka liicht gepléckt ginn.

Hammbier huet en héije Vitaminnegehalt a ka réi giess ginn, zu Sirup, Kompott, Coulis oder Gebeess verkacht oder als Belag an der Pâtisserie gebraucht ginn. Och an Drëppen oder am Béier kann et fir de Geschmaach bäigemëscht ginn.

Commons: Rubus idaeus – Biller, Videoen oder Audiodateien