Kompott

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Uebstprodukt. Fir dat südslawescht Gedrénks, kuckt wgl. Kompot.

Kompott ass eng Aart Gebeess[1] an e séisse Plat aus Uebst, dat gekacht oder agemaach ginn ass. Och aus Geméis, wéi zum Beispill Rubbarb, kann ee Kompott maachen.

Ursprénglech war de Kompott e Plat bei dem - am Géigesaz zum gewéinleche Gebeess - d'Uebst (ganz oder a Stécker) och nom Kache seng Form nach méi oder wéineger behalen huet.

Zoubereedung[änneren | Quelltext änneren]

Kompott gëtt aus ganzem Uebst oder aus Uebst a Stécker gemaach, beispillsweis aus Aprikosen, Pijen, Bieren, Kiischten, Quetschen oder Äppel. Déi ginn an enger Flëssegkeet (Waasser, Sirup, Fruuchstaaft oder Wäin) lues gekacht. Meescht kommen nach Gewierzer wéi Kanéil, Vanill, Zitroun, Korënten oder Neelcheskäpp derbäi. De Kompott ka frësch waarm oder kal zerwéiert ginn, oder a Glieser agekacht ginn.

De Kompott gëtt dacks als Dessert zerwéiert, wéi dat zum Beispill a Frankräich dacks de Fall ass, oder als Begleedung fir en anere séissen oder net-séisse Plat (zum Beispill Fleesch).

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Uebstkompott – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Encyclopédie, ou Dictionnaire raisonné des sciences, des arts et des métiers 1751, 1re éd. (t. 3, p. 775).: Compote