Petites misères
Film | |
---|---|
Produktiounsland |
Frankräich Lëtzebuerg Belsch |
Première | 6. Februar 2002 (FR) |
Dauer | 77 min |
Format | 2,35:1 |
Originalsprooch | Franséisch |
Ekipp | |
Regie | Philippe Boon, Laurent Brandenbourger |
Dréibuch | Philippe Boon, Laurent Brandenbourger |
Fotografie | Willy Stassen |
Musek | Jeff Bodart, Olivier Bodson, Pierre Gillet |
Schnëtt | Sandrine Deegen |
Produzent |
Patrick Quinet Alain Rozanès Pascal Verroust Claude Waringo |
Produktiouns- gesellschaft |
ADR Productions Artémis Productions Samsa Film |
Schauspiller | |
Albert Dupontel als Jean Marie Trintignant als Nicole Bouli Lanners als Eddy Serge Larivière als Georges | |
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre |
De Film Petites misères ass e Comedie-Drama vun de Filmregisseure Philippe Boon a Laurent Brandenbourger aus dem Joer 2002
Ëm wat geet et am Film?
[änneren | Quelltext änneren]De Jean (Albert Dupontel) ass vu Beruff Dierwiechter. Och wann hie säi Beruff mat Rigueur ausféiert, hëlt hie sech heiansdo kleng eethesch zweiwelhaft Fräiheeten. Hien ass bestuet mam Nicole (Marie Trintignant), enger schéiner, zwanghaft neurasthenischer Fra, déi reegelméisseg Shoppingattacke kritt, déi si dann zesumme mat hirem Lover Georges (Serge Larivière) auslieft. De Georges selwer ass chronesch verschëlt, süchteg no Teleshopping an heiansdo matschëlleg um Jean senge Magouillen. Wéi de Jean den Eddy (Bouli Lanners) trëfft, en tollpatschege Polizist mat Matgefill, deem seng Missioun et ass, de Jean bei senge Saisien ze begleeden, gëtt seng Existenz zu engem Albdram.
Filmproduktioun an Accueil
[änneren | Quelltext änneren]Fir d'Produktioun vum Film krut d'Produktiounsgesellschaft Samsa Film am Joer 2000 e Subside an Héicht vun 15 Millioune Lëtzebuerger Frang vum Lëtzebuerger Filmfong.[1]
Den amerikaneschen Titel vum Film ass Dead Man's Hand.
De Film gouf als lëtzebuergesche Bäitrag fir eng Oscar-Nominatioun an der Kategorie "Beschten Internationale Film" virgeschloe, mee gouf net nominéiert.[2]
Um franséische Site Allociné huet de Film eng duerschnëttlech Bewäertung vun 3,3 op 5, vun insgesamt 12 Kriticken aus der geschriwwener Press. D'Benotzer vum Site hunn dem Film eng Duerchschnëttbewäertung vun 2,4 vu 5 Punkte ginn.[3]
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Rapport d'activité du Ministère de la Culture 2000, Säit 208
- ↑ paperjam.lu: Le film "Petites Misères" aux Oscars (12. November 2002)
- ↑ De Film op Allocine