Joe Cocker

Vu Wikipedia
Joe Cocker
am Joer 2003
Gebuertsnumm John Robert Cocker
Gebuer 20. Mee 1944
Sheffield
Gestuerwen 22. Dezember 2014
Doudesursaach Longekriibs
Nationalitéit Vereenegt Kinnekräich
Aktivitéit Sänger, Schauspiller, Lidderschreiwer, Pianist, Discographesche Kënschtler

Den John Robert "Joe" Cocker OBE, gebuer den 20. Mee 1944 zu Sheffield, England, a gestuerwen den 22. Dezember 2014 zu Crawford, Colorado (USA), war e brittesche Rock/Blues-Sänger. Hie war besonnesch bekannt fir seng Cover-Versioune vu populären Titelen, absënns vun de Beatles, a fir seng wibbeleg Aart a Weis, op Concerten ze sangen.

Bekannt gouf de Cocker mat der Coverversioun vun With A Little Help From My Friends, dat 1968 en Nummer-Eent-Hit a Groussbritannien gouf an dat en dat Joer drop mat groussem Succès um Woodstock-Festival gesongen huet, sou wéi an de Joren duerno och ë. a. mat Delta Lady (1969), Cry Me a River (1970), You Are so Beautiful (1974), sou wéi When The Night Comes, N’oubliez jamais, Unchain My Heart, Up Where We Belong (am Duett mat der Jennifer Warnes) a You Can Leave Your Hat On, alle fënnef vum Album Sheffield Steel (1983). Dat leschtgenanntt Stéck krut zousätzleche Succès duerch säi Gebrauch am Film 9 ½ Weeks (1986).

De Cocker hat och e puer Concerten zu Lëtzebuerg gespillt, sou z. B. den 30. Oktober 2010 an den 10. Abrëll 2013 an der Rockhal. Schonns den 30. Juni 1985 hat hien en Optrëtt um Open-Air-Festival Rock Esch 85 zu Esch-Uelzecht an den 28. Juli 1998 an der Äispist zu Réimech..

Galerie[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Julian P. Bean: Joe Cocker. The Authorised Biography. Virgin Books, London 2003, ISBN 1-85227-043-8. Fir d'éischt als:
  • Julian P. Bean: Joe Cocker. With a Little Help from My Friends. The Authorized Biography. Omnibus Press, London/New York 1990, ISBN 0-7119-2226-8.
  • Petra Zeitz: Joe Cocker. Bastei Lübbe, Bergisch Gladbach 1993, ISBN 3-404-61256-6.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Joe Cocker – Biller, Videoen oder Audiodateien