Cité de la sécurité sociale
|
Vue op d'Haaptgebai vun der Cité de la sécurité sociale am Juni 2023 | |
| Geographesch Donnéeën | |
|---|---|
| Land | Lëtzebuerg |
| Gemeng | Lëtzebuerg |
| Plaz | Garer Quartier |
| Adress | 4, rue Mercier |
| Koordinaten |
49° 35’ 54.17’’ N 6° 07’ 49.37’’ O |
| Donnéeë vum Gebai | |
| Architekt(en) | Architecture et Environnement, BLK2-Böge Lindner K2 Architekten, Scheuvens + Wachten, Breimann & Bruun GmbH & Co. KG |
| Opgaangen | 5. Juni 2023 |
| Proprietär | Fonds de compensation commun au régime général de pension |
|
| |
D'Cité de la sécurité sociale ass en Ensembel vu Gebaier am Garer Quartier vun der Stad Lëtzebuerg, an där déi verschidde Sozialversécherungsdéngschter zesummegeluecht solle ginn.
D'Gebaier, déi an dräi Phase gebaut ginn, stinn tëscht der Hollerecher Strooss am Süden, der Rue du Fort-Wedell am Westen, der Rue Mercier am Norden an der Garer Plaz am Osten.
An en éischt neit Gebai, laanscht d'Hollerecher Strooss, sinn 2023 d'Gesondheetskeess (CNS), d'Assurance Accident, de Contrôle médical vun der Sécurité sociale an dem Centre commun an d'Adminstratioun vun der Evaluatioun an der Kontroll vun der Assurance dépendance, erageplënnert[1]. Et gouf de 15. Juni 2023 ageweit.[2] Op 52.300 m² schaffen do ronn dausend Leit. De Bau besteet aus verschiddene Bléck mat Gréng- an Erhuelzonen.
En zweet Gebai, dat zanter 2025 am Gaang ass, gebaut ze ginn, soll d'Caisse nationale de l'assurance pension (CNAP), d'Caisse nationale des prestations familiales (CNPF) an de Fonds de compensation commun au régime général de pension ophuelen.[3]
Fir en drëtt Gebai, laanscht d'Garer Plaz, bestinn (Stand 2025) nach keng konkreet Pläng; et soll fir staatlech Servicer virgesi sinn.
Den endgültege Komplex huet eng Bruttofläch vun 80.000 m², wouvu 67.640 m² Büroen, 1.700 m² Geschäfter a 4.200 m² Wunnenge virgesi sinn. Am Zentrum vum Komplex entsteet eng ëffentlech Plaz mat engem Gaart[4].
De Bauhär ass de Kompensatiounsfong.
Architekte sinn Architecture et Environnement a BLK2.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]Duerch d'Gesetz vum 1. Abrëll 2015[5] krut de Lëtzebuerger Staat d'Erlabnis fir dem Kompensatiounsfong den Terrain fir d'Gebaier – mat enger Fläch vu 76,78 Ar – fir e Präis vun op d'mannst 90 Milliounen Euro ze verkafen.
De Plan d'aménagement particulier (PAP) gouf am Oktober 2017 vun der Stater Gemeng ugeholl an de Schantjen huet 2018 mam Ofrappe vun den ale Gebaier ugefaangen[6]. Mam Gros-œuvre gouf 2019 ugefaangen an de Bau hätt ursprénglech Uganks / Mëtt 2021 solle fäerdeg sinn[7]. Wéinst der Ënnerbriechung vum Bau am Kader vun der Covid19-Pandemie hunn d'Aarbechte Retard kritt an den neien Termäi gouf uganks an den August[8] an duerno op Enn 2022 verluecht[9].
Tëscht Mee a Juni 2023 gouf deen éischte Block a Betrib geholl. Am September dat Joer hunn d'Aarbechte vun der 2. Phas ugefaangen, woufir ë. a. d'Gebai, wou bis dohin den Office des publications de l'Union européenne dra war, tëscht Fréijoer 2024 a Fréijoer 2025 ofgerappt gouf.[10]
Och den ale Siège vun der Centre commun de la sécurité sociale an der Escher Strooss zu Hollerech gouf 2024 ofgerappt. Op deem Terrain, deen zum Bauprojet Nei Hollerech gehéiert, sollen dann ënner anerem nei Wunnengen, Büroen a Butteker entstoen.[3]
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Cité de la sécurité sociale – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Brochure sur la consultation rémunérée de la Cité de la sécurité sociale, fdc.public.lu, 2015, gekuckt den 13. November 2022
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ (lb) Cité de la sécurité sociale. citesecu.lu. Gekuckt den 29.05.2023.
- ↑ Fanny Kinsch, Lynn Cruchten: "Feierlech Aweiung vun der Cité vun der Securité sociale." rtl.lu, 16.06.2023.
- 1 2 vun der Sécurité sociale: Neit Gebai op der Gare gouf presentéiert." rtl.lu, 08.02.2023.
- ↑ Les chantiers remarquables: la Cité de la Sécurité sociale. paperjam.lu (28.07.2020). Gekuckt den 03.04.021.
- ↑ Loi du 1er avril 2015 relative à la cession d'un terrain domanial au Fonds de compensation commun au régime général de pension. - Legilux. legilux.public.lu. Gekuckt de 04.04.2021.
- ↑ (fr) Cité de la sécurité sociale. cns.public.lu Archivéiert den 23.03.2021. Gekuckt de 04.04.2021.
- ↑ (fr) La Cité de la Sécurité sociale se bâtit à Hollerich. www.lessentiel.lu (07.06.2018). Gekuckt den 03.04.2021.
- ↑ (lb) Cité de la Sécurité sociale: D'CNS kritt en neit Gebai an der Hollerecher Strooss. www.rtl.lu (20.01.2020). Gekuckt den 03.04.2021.
- ↑ (fr) CITÉ DE LA SÉCURITÉ SOCIALE. fdc.public.lu. Gekuckt den 13.11.2022.
- ↑ Christophe Lemaire: "L’adieu à un bâtiment emblématique du quartier Gare." virgule.lu, 09.04.2024.
