Office des publications de l'Union européenne

Vu Wikipedia
Office des publications de l'Union européenne
Land Lëtzebuerg
Verwaltungssëtz Lëtzebuerg
Ënnersteet der/dem Europäesch Unioun
Gegrënnt 1969
Um Spaweck https://op.europa.eu
Dat aalt Gebai vum OPUE waart drop, ofgerappt ze ginn.

Den Office des publications de l'Union européenne (OPUE) ass e Verlag mat Sëtz zu Lëtzebuerg. Hie bréngt offiziell Publikatiounen, a soss Material eraus, dat vun enger vun den Institutioune vun der Europäescher Unioun, oder enger vun hiren Agencen, erausgi gëtt.

En ass de 16. Januar 1969 als Office des publications officielles des Communautés européennes gegrënnt ginn[1] a gouf de 26. Juni 2009 zum haitegen Numm ëmgenannt[2]. Administrativ ass et eng Generaldirektioun vun der Europäescher Kommissioun.

Mat déi wichtegst Verëffentlechung ass de Journal officiel vun der Europäescher Unioun a véieranzwanzeg Sproochen, deen zanter dem 1. Juli 2013 just nach elektronesch erauskënnt.

Aner wichteg Datebanken, déi vum Office géréiert ginn, sinn EUR-Lex (Rechtsakte vun der EU), Tenders Electronic Daily (fir europawäit ëffentlech Ausschreiwungen), CORDIS (Resultater vu Fuerschungsaarbechten, déi vun der EU (mat)finanzéiert goufen) an den EU Open Data Portal, wou een ëffentlech zougänglech Donnéeën zu all méiglechem fënnt.

Säi Fonctionement baséiert op engem interinstitutionellen Accord vum 22. Juli 2000.[3]

En huet säi Sëtz op der Stater Gare. Am Summer 2023 ass e vun engem Gebai an der Rue Mercier, wou en zanter 1974 etabléiert war[4], op eng nei Adress déi Säit vun der Rue du Commerce, an d'Rue de Reims, geplënnert, nämlech an d'Mercier-Gebai, dat 2018 provisoresch vun der Postdirektioun als hire Sëtz gebraucht gouf, soulaang bis dat neit Postgebai ("Helix") op der Place de la Gare 2023 opgaangen ass.[5] Dat aalt Gebai vum OPUE gouf vun Abrëll 2024 un ofgerappt, fir duer Gebaier vun der 2. Bauphas vun der Cité de la sécurité sociale opzeriichten.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal EU – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'Europäesch Unioun.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Décision du 16 janvier 1969 portant installation de l'Office des publications officielles des Communautés européennes, eurlex
  2. 2009/496/CE,Euratom: Décision du Parlement européen, du Conseil, de la Commission, de la Cour de justice, de la Cour des comptes, du Comité économique et social européen et du Comité des régions du 26 juin 2009 relative à l'organisation et au fonctionnement de l'Office des publications de l'Union européenne . eur-lex.europa.eu.
  3. Beschluss 2000/459/EG, EGKS, Euratom: Beschluß des Europäischen Parlaments, des Rates, der Kommission, des Gerichtshofs, des Rechnungshofs, des Wirtschafts- und Sozialausschusses und des Ausschusses der Regionen vom 20. Juli 2000 über den Aufbau und die Arbeitsweise des Amtes für amtliche Veröffentlichungen der Europäischen Gemeinschaften. In: Amtsblatt der Europäischen Gemeinschaften L 183 / 2000, S.12–15.
  4. "Inauguration de l’Office des Publications des Communautés européennes." In: Luxemburger Wort, 127. Jg., n° 62 (16.03.1974), p. 3. [Digitised by the National Library of Luxembourg]
  5. POST Luxembourg baut ihren zukünftigen Unternehmenssitz im Bahnhofsviertel der Stadt Luxemburg - News et Communiqués - POST Group. www.postgroup.lu. Gekuckt de(n) 04.04.2021.