Aral
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Pëtrolsfirma Aral. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Aral (Homonymie). |
Aral | |
---|---|
Aire de Berchem: déi gréisst Statioun vum Grupp | |
Typ | Aktiegesellschaft (Däitschland) |
Grënnungsdatum | 1898 |
Sëtz | Bochum |
() | |
() | |
Branche | Minennindustrie, Pëtrolsindustrie |
Homepage | https://www.aral.de/ |
Aral (offiziell Aral AG) ass eng däitsch Pëtrolsfirma mat Sëtz zu Bochum. Se gouf 1898 als Westdeutsche Benzol-Verkaufsvereinigung gegrënnt an ass zënter 2002 eng Filial vum brittesche BP-Grupp. Aral huet 2.500 Bensinnsstatiounen an Däitschland an zu Lëtzebuerg. Obwuel d'Mark bis géint 2003 a ville west- a mëtteleuropäesche Länner present war, kruten déi meescht Statiounen de BP-Design.
Nieft de klassesche Produite wéi Bensinn, Diesel an Ueleger, verdreift Aral haut och Äerdgas, Flësseggas (Propan a Butan) flëssegen a gasfërmege Waasserstoff a Mazout. Zënter 20214 bedreift Aral och Séier-Luetstatioune fir E-Autoen ënnert dem Numm „Aral Pulse“.
Numm
[änneren | Quelltext änneren]1924 huet den däitsche Benzol-Verband (BV) en neie Produit, e Gemësch aus Bensinn a Benzol, am Verhältnis 6 : 4 entwéckelt. Well Benzol zur cheemescher Grupp vun den Aromaten a Bensinn zu den Aliphaten gehéiert, huet de Chemiker Walter Ostwald den neie Produit „BV-Aral“ genannt.
Aral zu Lëtzebuerg
[änneren | Quelltext änneren]Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]D'Firma gouf am Joer 1957 ënner dem Numm Bureau de vente de produits industriels gegrënnt an de 27. November 1963 an Aral Luxembourg ëmgenannt[1].
Am Oktober 2021 gouf e Fusiounsprojet vu verschiddene Lëtzebuerger Pëtrolsentreprisen ausgeschafft, mat deem[2]:
- Aral Luxembourg mat BP Luxembourg (fréier: BP Capellen) fusionéiert an déi iwwerhëlt (absorbéiert);
- Aral Tankstellen Services (ATS) mat Aral Services Luxembourg (ASL) fusionéiert an déi iwwerhëlt;
- Aral Tankstellen Services (ATS) mat BP Capellen (BPC) fusionéiert an déi iwwerhëlt;
Well ATS an ASL allebéid integral zu Aral Luxembourg gehéieren a BPC integral zu BP Luxembourg gehéiert, ass d'Conclusioun, datt Aral Luxembourg no der Fusiounen eenzegen Aktionär vun ATS, ASL a BPC ass.
D'Fusioun war den 1. Dezember 2021 ofgeschloss an Aral Luxembourg a BP Luxembourg kruten doduerch allebéid dee selwechten an eenzegen Aktionär: BP Europa SE, eng däitsch Entreprise vun Hamburg.
Aral hautdesdaags
[änneren | Quelltext änneren]Enn Mäerz 2024 huet Aral 57 Bensinnsstatiounen zu Lëtzebuerg exploitéiert[3], woubäi d'Statioun op der Aire de Berchem déi mam héchsten Ëmsaz vum ganze Grupp ass.
De Generladirekter vun Aral Luxembourg ass zënter dem 29. Mäerz 2024 den Eric Bleyer[3].
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Aral – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ (fr)B5722 – ARAL LUXEMBOURG S.A., Publication. www.lbr.lu (27.11.1963). Gekuckt de(n) 12.08.2024.
- ↑ (fr)B45782 – Projet de fusion. lbr.lu. Gekuckt de(n) 09.08.2024.
- ↑ 3,0 3,1 (de)Wechsel der Geschäftsführung bei Aral in Luxembourg. www.aral.de (28.03.2024). Gekuckt de(n) 12.08.2024.