Hélène Philippart

Vu Wikipedia
Hélène Philippart
Gebuer 7. Februar 1902
Lëtzebuerg
Gestuerwen 25. November 1958
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Zänndokter

D'Hélène Philippart, gebuer de 7. Februar 1902 an der Stad Lëtzebuerg[1] an do gestuerwen de 25. November 1958[2], war eng lëtzebuergesch Zänndoktesch.[3]

D'Hélène Philippart huet den 8. Mee 1926 hire lëtzebuergeschen Diplom als Zänndokter kritt. Si war domat déi zwéit Fra, no der Marcelle Dauphin, déi zu Lëtzebuerg Zänndoktesch ginn ass. Vum 1. Juli 1926 un hat si eng Praxis an der Stad op der Place d'Armes. Vun 1945 un huet si net méi praktizéiert.[2] 1955 ass si Member vun der “Commission de conciliation et d'arbitrage pour les contestations entre les institutions d'assurances sociales et les médecins” ginn.[4]

D'Hélène Philippart huet sech an der Action féminine, déi 1925 gegrënnt gouf, fir d'Verbesserung vun der Situatioun vun de Fraen agesat. Hiren Numm figuréiert am Comité d'honneur, deen an dem Organ vum Veräin, der Zäitschrëft “L'Action féminine”, tëschent 1927 an 1933 publizéiert gouf. An deem Kommitee fënnt een nieft hir Leit wéi Andrée Mayrisch (Duechter vum Émile Mayrisch), Henri Ahnen (Direkter vum Stater Meedercherslycée, Eugène Schaus (Affekot), etc.[5]

Si war bestuet mam Gustave Stoltz, deen Affekot[6] an duerno Attaché bei der Spuerkeess[7] war, wou hie sukzessiv Conseiller[8], Conseiller de direction[9], Sous-Direkter a schliisslech, vun 1959 bis 1966, Direkter[10] gouf.

De Robert Philippart ass hiren Neveu.[3]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Femmes pionnières de l'entrepreneuriat au Luxembourg: l'exposition / initiée et réalisée par Joëlle Letsch, Netty Thines et Domenica Fortunato, ambassadrices de l'entrepreneuriat féminin au Luxembourg. Luxembourg: Female Entrepreneurship Ambassadors Luxembourg, 2015, [24] p.
  • Frochisse, O. & H. Kugener, 2011. Honneur aux dames. Semper Luxembourg, mensuel pour médecins, médecins-dentistes et pharmaciens, N° 30, octobre 2011, S. 14-15. [9]
  • Kugener, H., 2003. “Eng Doktesch, mäi wärrech!”: Beitrag zur Medizingeschichte im Großherzogtum Luxemburg. Die Warte 2003, Nr. 4 (30. Januar), S. 1-2.
  • Kugener, H., 2005. Die zivilen und militärischen Ärzte und Apotheker im Großherzogtum Luxemburg. Band 2/3 (H-R). Luxemburg, Eigenverlag, S. 653-1342.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Mémorial 1937, N° 9, Liste générale des personnes autorisées à exercer dans le Grand-Duché une branche de l'art de guérir ou une profession qui s'y rattache, S. 66 (Hélène, ép. Stoltz. 7. 2.1902).[1] Cf. Kugener 2005, S. 1218. D'Gebuert ass den 8. Februar op dem État civil deklaréiert ginn (Bürger- und Beamten-Zeitung 1902-02-15, Beilage zur Nr. 18, S. 1: Zivilstand der Stadt Luxemburg. Geburten (vom 8., Maria Helena, Tochter von Leo Philippart, Postcommis).[2]
    Am Memorial N° 61 vun 1934 mat der Lëscht vun den Zänndokteren zu Lëtzebuerg steet iertemlecherweis den 2. Februar als Gebuertsdatum.[3]
  2. 2,0 2,1 Kugener 2005, S. 1218.
  3. 3,0 3,1 Luxemburger Wort vum 2. Mee 2015, S. 14-15: Luxemburger Frauen, die die Geschäftswelt prägten.
  4. Kugener 2005, S. 1218. Mémorial 1955, N° 6, S. 1 Archivéiert op 2016-03-05. Gekuckt de(n) 2015-05-10.
  5. L'Action féminine 1927, Nr. 1 (15. Oktober), S. 2 (Comité d'honneur). [4]
    L'Action féminine 1933, Nr. 1 (Januar-Februar), S. 2. [5]
  6. LW 1926-07-19: 2, Nr. 200 (Prüfungserfolg). [6] LW 1926-08-01: 2, Nr. 213/214 (Eidesleistung) [7]
  7. LW 1931-07-27: 5, Nr. 208 (Ernennung)
  8. Cf. Mémorial 1937, N° 87, S. 901 Archivéiert op 2016-03-05. Gekuckt de(n) 2015-05-10.
  9. cf. Mémorial 1945, N° 14, S. 122 Archivéiert op 2016-03-05. Gekuckt de(n) 2015-05-10.
  10. Gaudron, J.M., 2006. Retour sur un siècle et demi d'histoire de la plus ancienne institution financière du pays. Paperjam février 2006, S. 16-24. [8]