Diskussioun:Hélène Philippart

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Moien,

wat ass de Relevanzcritère hannert der Kreatioun vun dësem Artikel? Zänndoktesch schéin a gutt, mee steet an deem zitéierte Wort-Artikel eppes, wat déi Fra esou eng besonnesch Zänndoktesch gemaach hätt, datt s'en Artikel hei hätt? Oder war se op soss engem Feld aktiv, wat ze "enzyklopediabel" méich? --Zinneke (Diskussioun) 06:57, 4. Mee 2015 (UTC)[äntweren]

Do misst warscheinlech nach e bësselchen nogefléckt ginn, awer dës Ausstellung kéint eng Referenz sinn fir d'Relevanz ze konforméieren: Femmes pionnières --Les Meloures (Diskussioun) 07:46, 4. Mee 2015 (UTC)[äntweren]
Effektiv, wouranner wier si da Pionnéier? Eischte weiblechen Zänndokter vläicht? Mee ass dat relevant genuch, wou et dach a praktesch allen, fréier sou genannte "Männerberuffer", eng Kéier eng "éischt Fra" gouf? Firwat dat grad bei den Zänndokteren ernimmen, an net bei de Chirurgen, Gastro-Enterologen, Otorhynolaringologisten, asw. Oder war si och soss politesch/gesellschaftlech engagéiert, wat hir e "Relevanzbonus" géif? --Zinneke (Diskussioun) 11:36, 5. Mee 2015 (UTC)[äntweren]
Bon, ier elo nach ee mat vill Méi rechechéiert, wivill Patienten se an hirem Liewen hat, a wat fir eng Arichtung vun hirer Praxis, proposéieren ech, well näischt bäikoum, wat d'Relevanz vun deem Artikel u sech beleeë géif, en ze läschen (selbstverständlech ass dat keng Kritik un där Fra an hirem Beruff a Liewen).--Zinneke (Diskussioun) 07:52, 6. Mee 2015 (UTC)[äntweren]
Wann d'Organisateure vun der Ausstellung „Femmes pionnières de l'entreprenariat au Luxembourg“, déi, wéi d'Wort seet "im Laufe des Jahres 2015 an mehreren Orten besichtigt werden kann", si opgeholl hunn, schéngt et mir net komplett falsch an irrelevant ze sinn, wann d' lb.wiki de Leit, déi déi Ausstellung kucke ginn, d'Méiglechkeet gëtt, sech rapid a korrekt iwwer déi Fra z'informéieren. Och wa si nëmmen déi 2. Fra war, déi zu Lëtzebuerg Zänndokter ginn ass. Déi éischt Zänndoktesch, d'Marcelle Dauphin, déi am Wiki-Artikel ernimmt gëtt, huet et ëmmerhinn vun der lb.wiki bis op d'de.wiki bruecht. A virwat en Artikel, deen nun emol geschriwwen ass, dee korrekt recherchéiert ass, an trotz allem eng gewësse Relevanz huet, läschen? Datt grad mat enger Zänndoktesch ugefaange ginn ass an net mat der éischter oder 2. Fra, déi Chirurg oder soss eppes war, ass eigentlech keen Argument. Näischt verhënnert eis, och dat eng Kéier ze maachen, wann d'Gelegenheet sech sollt erginn. Cf. Louise Welter.--Jamcelsus (Diskussioun) 08:21, 6. Mee 2015 (UTC)[äntweren]
Datt hiren Numm an der medezinhistorescher Literatur optaucht (Kugener 2003, 2005, Frochisse & Kugener 2011) plaidéiert eigentlech och fir d'Fra a géint d'Läsche vum Artikel.--Jamcelsus (Diskussioun) 09:43, 6. Mee 2015 (UTC)[äntweren]
De Grond fir den Artikel unzefänke war de Fait datt déi Dame genee wéi 11 Anerer bei [1] presentéiert gëtt. De Grond firwat ech mat der Madame Philippart ugefang hu war deen, datt iwwer si am meeschten um Web ze fanne war. Ech verstinn éierlech net firwat deen Artikel schonn no knapps 2 Deeg fir ze läsche virgeschlo gëtt nëmme well net direkt aus dem Artikel ervirgeet wat elo d'Leeschtung vun där Fra war. Ech hu mir virgeholl bei enger vun den Ausstellungen probéieren esouvill iwwer all déi Dammen erauszefannen dat si alleguer en Artikel hei kréie kënnen. Ech versti scho wa mir bei liewege Persoune Wikipedia net zu engem Facebook degradéiere kënnen gesinn awer bei Leit déi scho gestuerwen sinn déi Gefor net.--Robby (Diskussioun) 22:03, 7. Mee 2015 (UTC)[äntweren]
Ech mengen, et kéint een esou lues drun denken, den Artikel vun der Lëscht vun den Artikelen, déi solle geläscht ginn, erofhuelen! Et sief, et géif nach en Argument un dat nach kee geduecht huet. --Jamcelsus (Diskussioun) 12:17, 8. Mee 2015 (UTC)[äntweren]
Esou wéi den Artikel elo ausgesäit gëtt et keng Ursach méi, fir en ze läschen. Ech hunn e vun der Lëscht geholl.--Jamcelsus (Diskussioun) 09:55, 10. Mee 2015 (UTC)[äntweren]