Henri Ahnen

Vu Wikipedia
Henri Ahnen
Gebuer 19. Oktober 1866
Gestuerwen 28. Mee 1934
Nationalitéit Lëtzebuerg


Den Henri Ahnen, gebuer den 19. Oktober 1866 zu Bartreng, gestuerwen den 28. Mee 1934 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche Professer.

Den Henri Ahnen huet am Oktober 1890 säin Doktorat am Kader vun der “Collation des grades” gemaach. 1892 gouf hie Repetent am Athenäum, wou hien 1895 seng Nominatioun als Professer krut. Vun 1896 bis 1908 war hien am Iechternacher Kolléisch. Am September 1908 gouf hien an den Athenäum versat. De 26. Juli 1911 ass hien “Directeur-délégué” vum Stater Meedercherslycée ginn. Den definitiven Titel als Direkter krut hien de 16. Februar 1917. Hie blouf bis zu sengem Doud un der Spëtz vun dësem Lycée.

1905 huet den Henri Ahnen gehollef, d'APESS ze grënnen; hie war Member vum Kommitee a Sekretär vun 1905 bis 1908. Zu Iechternach war hien an der Schoulkommissioun (1906-1908). Hien huet 1905 déi Iechternacher Sektioun vun der “Alliance française” gegrënnt; vun 1911 bis 1930 war hie Vizepresident vun der Stater Sektioun.

Publikatiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • But et organisation du lycée de jeunes filles = Ziel und Einrichtung des Mädchenlyzeums. In: Programme publié à la clôture de l'année scolaire 1911-1912 / Lycée grand-ducal de Jeunes Filles de Luxembourg = Programm herausgegeben am Schlusse des Schuljahres 1911-1912 / Grossherzogliches Mädchenlyzeum zu Luxemburg. Luxembourg: impr. P. Worré-Mertens, 1912, S. 6-14.
  • La méthode directe dans l'enseignement des langues vivantes: son application à l'étude du français dans le Grand-Duché. In: Programm herausgegeben am Schlusse des Schuljahres 1902-1903 / Grossherzogliches Gymnasium in Echternach = Programme publié à la clôture de l'année scolaire 1902-1903 / Gymnase grand-ducal d'Echternach. Luxembourg: J. Beffort, 1903, S. 3-66.

Gielercher[1][änneren | Quelltext änneren]

Quellen[änneren | Quelltext änneren]

  • Lang, C., 1967. Le personnel de l'enseignement secondaire et supérieur du Grand-Duché de Luxembourg, 1839-1922. Travail statistique de Félix Heuertz (1922), complété par Charles Lang (1967). Publications du Ministère de l'Éducation nationale, Luxembourg, S. 1-125 (Henri Ahnen, S. 9).
  • Luxemburger Wort 1934, Nr. 149 (30. Mai), S. 4 (Direktor Ahnen †). [1]
  • Luxemburger Wort 1934, Nr. 151 (1. Juni), S. 5 (Begräbnis Henri Ahnen). [2]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Doudesannonce vum Henri Ahnen am Luxemburger Wort vum 30. Mee 1934 Gearchiveerd op 2020-10-09. Gekuckt de(n) 2015-05-09.