Marcelle Dauphin

Vu Wikipedia
Marcelle Dauphin
Gebuer 7. September 1893
Lëtzebuerg
Gestuerwen 4. Mee 1976
Péiteng
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Zänndokter

D'Marcelle Dauphin, gebuer de 7. September 1893 am Rollengergronn a gestuerwen de 4. Mee 1976 zu Péiteng, war déi éischt[1] lëtzebuergesch Zänndoktesch.

Hire lëtzebuergeschen Zänndokteschdiplom krut d'Marcelle Dauphin den 12. Oktober 1922. Ufanks 1923 huet si eng Praxis zu Wolz, wou hire Brudder Baukondukter war, opgemaach. Duerno huet si sech an der Stad niddergelooss, wou si vum 1. Juli 1926 u praktizéiert huet; eng Zäit laang huet si awer sonndes a méindes[2] och nach zu Wolz geschafft. 1953 ass si op Péiteng geplënnert.

Zu Esch-Uelzecht gouf, fir u si z'erënneren, eng nei Strooss am Quartier Nonnewisen no hir genannt.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Kugener, H., 2005. Die zivilen und militärischen Ärzte und Apotheker im Großherzogtum Luxemburg. Band 1/3 (A-G). Luxemburg, Eigenverlag, S. 1-652 (M. Dauphin, S. 300-301).
  • Theves, G., 2002. Die Frau in der Medizin. Kurioses aus vergangenen Zeiten. Bulletin de la Société des sciences médicales du Grand-Duché de Luxembourg, N° 2/2002, S. 193-199.
  • Theves, G., 2003. Die Frau in der Medizin. Luxemburger Wort 2003 (26. Februar), S. 15.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Internationale Fraendag. 1920-1930: Les femmes luttent pour l'égalité complète.
  2. Luxemburger Wort 1926, Nr. 187 (6. Juli), S. 7, … Sonntags und Montags Sprechstunden in Wiltz. [1]