Op den Inhalt sprangen

Adolf Berens

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Auteur Adolf Berens. Fir aner Leit mat dem selwechten Numm, kuckt wgl. Berens.
Adolf Berens
Gebuer 15. Mäerz 1880
Gréiwemaacher
Gestuerwen 23. Mäerz 1956
Péiteng
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Romancier, Historiker

Den Adolf Berens, gebuer de 15. Mäerz 1880 zu Gréiwemaacher, a gestuerwen den 23. Mäerz 1956 zu Péiteng, war e lëtzebuergesche Schrëftsteller, Auteur vum éischte Roman op Lëtzebuergesch a Lokalhistoriker.

Den Adolf Berens war Enseignant am Primaire an huet an der Stad, op der Akerbauschoul zu Ettelbréck (als "Hilfslehrer"), zu Steenem (als Schoulmeeschter), zu Wecker (als Zeechner a Léiermeeschter an der Maschinnefabréck), zu Rolleng an, vun 1924 un, zu Péiteng (als Schoulmeeschter an der "Oberprimärschoul") enseignéiert.

Hien huet fréi ugefaange mat schreiwen, och wa seng éischt Gedichter, Erstlinge genannt, net publizéiert goufen. Am Ufank huet hien op Däitsch geschriwwen, geschwënn drop dunn awer op Lëtzebuergesch. 1921 kënnt deen éischten Deel vu sengem Roman D'Kerfegsblo'm, Én Geschicht a'us deem ale Letzeborger Volleksliewen an der Muselsprôch, deem éischte Roman op Lëtzebuergesch iwwerhaapt, eraus. Bis 1927 sollten et véier Bänn ginn. Dofir krut hien 1928 deen éischte lëtzebuergesche Literaturpräis.

Den Adolf Berens huet Theaterstécker geschriwwen (Schennesch a Schiwesch (1926), Am Gedei (1935)), Aarbechten iwwer Vollekslidder an Zauberspréch, de lëtzebuergeschen Theater, den Andréi Duchscher an de Caspar Mathias Spoo. Hien huet sech och mat der Geschicht vum Zivilhospiz (500 Jahre Zivilhospiz zu Grevenmacher) a mat den Hellegtemer vu Gréiwemaacher ofginn; 1952 huet hien eng Broschür iwwer d'Geschicht vu senger Heemechtsstad erausginn: Die Anfänge der Stadt und Festung Grevenmacher - Zur Siebenhundert-Jahrfeier der Verleihung des Freiheitsbriefes (1252-1952) ; Gréiwemaacher (Imprimerie de l'Est Paul Faber), 1952; 59 Säiten (ill.).

Auszeechnungen

[änneren | Quelltext änneren]
  • Chevalier vum Ordre de la couronne de chêne (Promotioun 1952)[1]

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Doudesannonce vum Adolphe Berens am Luxemburger Wort vum 27. Mäerz 1956 op eluxemburgensia.lu gekuckt de 26. Juni 2022