Lakshmi Mittal

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
De Lakshmi Mittal

De Lakshmi Narayan Mittal (och alt Lakshmi Niwas Mittal), gebuer de 15. Juni 1950 zu Sadulpur, am Churu District vu Rajasthan, Indien, ass en indeschen Industriellen. Der Forbes World's Billionaires List no ass hien deen 82 räichste Mënsch op der Welt, mat engem Verméige vu geschate 8,9 Milliarden Dollar.

Hien ass de President a PDG vun der Mittal Steel Company NV, dem weltgréisste Stolkonzern.

A Groussbritannien war en 2002 an e politesche Skandal verwéckelt, dee vun der Press Mittalgate genannt gouf. Et goung em en Don vun 2 Millioune Pond un dem Premier Minister Tony Blair seng Labour Party, deen an den Zesummenhang bruecht gouf mam Blair sengem Intervenéiere beim rumänesche Premierminister, datt d'Rumäne beim engem Geschäft d'Mittal sollte favoriséieren.

Triviales[änneren | Quelltext änneren]

De Lakshmi Mittal wunnt zu Kensington, wou hien 2003 fir 70 Millioune Pond (knaps 110 Milliounen Euro) vum Bernie Ecclestone de Kensington Palace ofkaf hat. D'Hochzäitsfeier vu senger Duechter Vanisha zu Vaux le Vicomte an zu Versailles, déi 5 Deeg gedauert huet, huet hie sech 60 Millioune Pond kaschte gelooss. Säi Jong Aditya ass Direkter vu Mittal Steel.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]