Belsch-Lëtzebuerger Wirtschaftsunioun

Vu Wikipedia
D'Gesetz zu der Wirtschaftsunioun, am Mémorial.
Opschrëft op der Fassad vum Haus 68 Stroossbuerger-Strooss an der Stad, déi un d'Entkoppelung vun der Paritéit zum belsche Frang erënnert.

D'Belsch-Lëtzebuerger Wirtschaftsunioun ass eng Wirtschaftsunioun tëscht der Belsch a Lëtzebuerg. De Vertrag dozou gouf de 25. Juli 1921 zu Bréissel vun deenen zwee Länner ënnerschriwwen an ass den 22. Dezember 1922 a Kraaft getrueden.[1].

D'Wirtschaftsunioun war fir 50 Joer ofgeschloss ginn, an ass 1972, 1982, 1992, 2002 an 2012 jeeweils fir 10 Joer verlängert ginn.

Fir Lëtzebuerg war se mat enger Wärungsassociatioun verbonn. Si huet bestëmmt, datt de Lëtzebuerger a Belsche Frang hei parallel zirkuléiert sinn. Wéi d'belsch Regierung de belsche Frang uganks 1935 staark ofgewäert huet, huet Lëtzebuerg awer net matgemaach a sou koum et, datt ee vun 1935 bis 1940 fir 100 Lëtzebuerger Frang 125 belsch Frang krut. Dës Wärungsassociatioun gouf duerch d'Schafe vun der Eurozon hifälleg, den 1. Januar 1999, dem Ufank vun der drëtter Etapp um Wee zu enger Europäescher Wirtschafts- a Wärungsunioun.

D'Belsch-Lëtzebuerger Wirtschaftsunioun war de Virleefer vum Benelux, enger Zollunioun a spéider enger Wirtschaftsunioun, an där d'Belsch, Lëtzebuerg an Holland sech associéiert hunn.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Loi du 5 mars 1922 portant approbation de la Convention d'Union économique signée à Bruxelles le 25 juillet 1921 entre le Luxembourg et la Belgique. op legilux.public.lu.