Columeta

Vu Wikipedia

Columeta SA ass eng Kontraktioun vun Comptoir luxembourgeois de métallurgie. Et war dëst eng Gesellschaft, déi vun der 1920 vun der Arbed an der Société métallurgique des Terres Rouges gegrënnt gouf, fir hir Produiten uechtert d'Welt bekannt ze maachen an ze kommerzialiséieren. Dëst war néideg ginn, wéi den däitsche Marché nom Éischte Weltkrich stënterlech ewechgefall war, an d'Siderurgie zu Lëtzebuerg sech huet missen nei Créneauë sichen.

1976 gouf d'Columeta an TradeARBED ëmbenannt.