Op den Inhalt sprangen

Chef vun der Zivilverwaltung

Vu Wikipedia
Beräicher vun den Zivilverwaltungen ëm 1941

Chef vun der Zivilverwaltung ((de) Chef der Zivilverwaltung, gekierzt CdZ) war eng offiziell Bezeechnung am Däitsche Räich fir eng Verwaltung wärend dem Zweete Weltkrich. A ville Fäll gouf se gebraucht fir ze verstoppen, datt d'Muecht am Fong vum Militär oder der SS iwwerholl gi war. D'Aufgab vun engem Chef vun der angeeblecher Zivilverwaltung war et, fir am Numm vum Kommandant vun der Arméi oder vum SS-Reichsführer d'Zivilverwaltung an den eruewerte Gebidder ze féieren. Fir dësen Zweck stoung him eng militäresch Verwaltung zur Verfügung. En CdZ huet d'Verwaltung vum besate Gebitt esoulaang iwwerholl, bis eng nei Zivilverwaltung op d'Bee gestallt gouf, nodeems d'militäresch Operatiounen eriwwer waren.

D'CdZ-Organisatioun als Verwaltungsorgan fir déi besat Gebidder huet näischt bruecht a gouf mat der sougenannter „renger“ Militärverwaltung vum Oberkommando des Heeres fir de Westfeldzuch ersat. Déi gouf et awer och nëmme fir eng kuerz Zäit. Géint Enn vum Krich hat d'Arméi just nach d'Recht fir Uerderen op der Front an an engem Gebitt bis 20-25 km hannendrun, un d'Zivilautoritéiten ze ginn.

D'Cheffe vun den eenzelen Zivilverwaltunge waren alleguer gläichzäiteg Reichsstatthalter an NSDAP-Gauleiter vun den däitschen Nopeschgebidder, déi de facto vun Nazi-Däitschland annektéiert gi waren. Et waren dëst:

An dëser duebeler Funktioun stoungen d'CdZen ënner dem direktem Kommando vum Adolf Hitler an dem Inneministère (Reichsinnenministerium), deen d'Annexioun kontrolléiere sollt.

Vun August 1940 u goufen d'Gauleiter op der westlecher Grenz vun Däitschland, an de Gebidder vu Lëtzebuerg a Frankräich, als Cheffe vu follgende Zivilverwaltungen ernannt:

D'CdZe vun dëse Beräicher kruten ë. a. d'Aufgab, d'Gebidder iwwer e puer Joer ze germaniséieren.

Portal WWII – Artikelen op der Wikipedia iwwer den Zweete Weltkrich.