Diskussioun:Siderurgie zu Lëtzebuerg

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Soubal iwwer d'Metz rieds geet, spréngt d'Zäit vun der Vergaangeheet op de Présent. --Cornischong 23:58, 17 August 2005 (UTC)

Lëtzebuergesch oder wat?[Quelltext änneren]

Op der Haaptsäit gëtt op den Artikel "Eis Schreifweis" higewisen, an dat ass och gutt. Mee liest da keen dat?!? Fléipéiter 10:52, 2 November 2005 (UTC)

Dach, mee leider net jiddereen. Wann et emol mat Deeg méi hektesch op der Wiki zougeet, da kann et scho sinn, datt en Artikel net direkt nogekuckt a verbessert ka ginn, mee e wéineg leiebleift. Dofir ass et gutt, datt s du deen Artikel nees opgegraff hues. Et sinn awer ëmmer nach Feeler dran, ech huele mer en dofir mol op d'Broscht. --Otets 15:13, 2 November 2005 (UTC)

Ass Stolindustrie net méi lëtzebuergesch wéi Siderurgie? Myriam 08:33, 7 Februar 2006 (UTC)

Ech hätt en effektiv Stolindustrie genannt, mee Siderurgie ass och net falsch. --Otets 09:55, 7 Februar 2006 (UTC)


Zur Begréissung dann och direkt eng Fro:


  • Et muss een dozou soen, datt d'Arbed zu deer Zäit och net grad gemat huet wat se wollt, de Stol huet missen an Däitschland verkaaft ginn an och an de Gallerië si Krichsgefaangener vun de Preisen agesat ginn. --Otets 22:35, 26. Jun. 2008 (UTC)[äntweren]
  • Zu Thil war en Aarbechts- a Gefaangenelager vun Aarbechter, déi an enger Galerie zu Thil Deeler vun der V1 a V2 produzéiert hunn. D'Reschter vum Lager (niewent dem Kierfecht vun Thil) an d'Galeriesspaart kann een haut nach kucke goen. Et steet esou guer nach e Crematoire do, dee benotzt gouf fir verstuerwen Aarbechter ze "entsuergen". Kuckt emol hei an hei. --Pecalux 06:07, 27. Jun. 2008 (UTC)[äntweren]

Moien,

wat soll getest ginn, wann den Inhalt vun engem Artikel iwwer Nuecht geläscht gëtt? E puer Wuert Explikatioun wiere wëllkomm.--Zinneke (Diskussioun) 21:31, 18. Aug. 2017 (UTC)[äntweren]

Den Artikel weist e Lint-Feeler deen net ze fannen ass. Dofir hunn ech mol alles erausgeholl fir ze kucke wat duerno geschitt. Haut gëtt en erëm lues a lues opgefëllt fir erauszefannen a waterengem Paragraph de Feeler stécht. Du kanns mol kucke wat de Bot gëschter gemaach huet. An et sinn nach iwwer 30.000 Feeler do déi net sou einfach z'entdecke sinn. Falsch Verschachtelungen, Taggen déi falsch op oder zou oder guer net zou gemaach goufen a.s.w. --Les Meloures (Diskussioun) 08:29, 19. Aug. 2017 (UTC)[äntweren]
Merci. Ech giff scho gär hëllefen, ma wat ass e "Lint-Feeler"?--Zinneke (Diskussioun) 16:46, 27. Aug. 2017 (UTC)[äntweren]
Moien, d'Lint-Feeler fënnt ee wann een op d'Spezialsäite luusse geet. Dann einfach op Lint-Feeler klicken. D'Heich a Mëttel Prioritéit si praktesch fäerdeg. Bei deenen anere sinn der nach a Schabloune verstoppt et gëtt der awer och déi nëmmen op enger Säit stinn. Et huet am Ament kee Wäert méi fir ze verbesseren well et ass eng Hellewull do déi einfach schlecht ugeschriwwe goufen sou datt de Bot elo mol all déi muss sichen a verbesseren ier et mat Verbesseren op de Säite ka weidergoen. Et goufen der scho ronn eng 35.000 verbessert. Mer stinn elo scho besser do wéi déi meescht Wikien. --Les Meloures (Diskussioun) 17:09, 27. Aug. 2017 (UTC)[äntweren]

5 Betriber[Quelltext änneren]

2019 waren nach 5 Betriber an der Siderurgie, déi 2.119 Milliounen Tonne Stol produzéiert hunn, aktiv.

Dat géif heeschen datt nach a 5 Betriber aus Minett oder aus Schrott Stol produzéiert gëtt. D'Héichiewe sinn all zou, domat fällt de Minett ewech. Bleift de Belval an Déifferdeng mat den Elektroiewen sou wäit wéi ech wess. Wou gëtt da soss nach Stol produzéiert? --Les Meloures (Diskussioun) 17:12, 9. Feb. 2021 (UTC)[äntweren]