Alexandre de Gerlache
| Alexandre de Gerlache | |
|---|---|
| Gebuer |
14. Januar 1860 Déifferdeng |
| Gestuerwen |
10. August 1908 Déifferdeng |
| Nationalitéit | Lëtzebuerg |
| Educatioun | Kathoulesch Universitéit vu Léiwen |
| Aktivitéit | Politiker, Industriellen |
| Fonctioun | Deputéierten an der Lëtzebuerger Chamber |
|
| |
De Barong Alexandre J. Jean de Gerlache de Waillimont, gebuer de 14. Januar 1860 zu Déifferdeng, an do gestuerwen den 10. August 1908, war e lëtzebuergeschen Industriellen, Politiker a Jurist.[1]
Den Alexandre de Gerlache huet 1896 zesumme mam Paul Wurth d'Société anonyme des hauts-fourneaux de Differdange gegrënnt a war zäitweileg President vun hirem Verwaltungsrot. Vun 1896 bis 1902 war hien Deputéierten an der Chamber.[2] Wéi seng Firma wéinst enger konjunktureller Baisse faillite goung, huet hie säin Deputéiertemandat opginn an ass op Bréissel geplënnert. Vun do ass hie reegelméisseg op Déifferdeng hannescht komm. Do ass e stënterlech am Alter vun 49 Joer gestuerwen.
Hie war den Neveu vum Étienne de Gerlache an hien hat sech den 22. Oktober 1891 zu Bréissel mat der Louisa-Marie-Sidonie Ablaÿ, der Duechter vum Generol Omer Ablaÿ bestuet. D'Koppel hat 6 Kanner.
- Isabelle M. Augustine Octavie de Gerlache de Waillimont (1892-1925)
- Jean Auguste Paul J. de Gerlache de Waillimont, Ecuyer (1893-1970)
- René Frédéric Auguste J. de Gerlache de Waillimont, Ecuyer (1895-1915)
- Etienne Ernest Paul Auguste de Gerlache de Waillimont, Ecuyer (1897-1977)
- Marguerite L. Je. Augustine de Gerlache de Waillimont (1901-1902)
- Raymond Jean Paul Auguste de Gerlache de Waillimont, Ecuyer (1904-1961)
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Jules Mersch, Biographie nationale du pays de Luxembourg depuis ses origines jusqu'à nos jours, Volume 9, 1969.
- Martin Blum, Carlo Hurly, Bibliographie luxembourgeoise, ou, Catalogue raisonné de tous les ouvrages ou travaux littéraires: A-L, 1902.
- José Anne de Molina, État présent de la noblesse du royaume de Belgique, Volume 7, 1977.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Quell, wou net anescht uginn: Bäiluechten am Tageblatt an am Wort, 3. resp 4. August 2007, zur Déifferdenger 100-Joer-Feier.
- ↑ Les Députés du Grand-Duché de Luxembourg. op industrie.lu (nogekuckt: 11.10.2025). Baséiert op: La Chambre des députés: histoire et lieux de travail. [Auteurs: Nicolas Als, Robert L. Philippart ; coordination: Guillaume Wagener, Pierre Dillenburg ; conseiller historique: Gilbert Trausch]. Luxembourg 1994, S.507-533.
