Schlass Gerlache

Vu Wikipedia
Schlass Gerlache
De Pavillon beim Gerlache-Park, dat eenzegt dat vum Schlass iwwereg bliwwen ass
Land Lëtzebuerg
Gemeng Déifferdeng
Datum vum Bau 16. Joerhonnert
Ofgerappt oder zerstéiert 1920er
Proprietär Alexandre de Gerlache
Genannt no Alexandre de Gerlache

D'Schlass Gerlache zu Déifferdeng gouf am 16. Joerhonnert gebaut. Säin Numm huet et vum virleschte Proprietär, dem Alexandre de Gerlache, deen do mat senger Famill gewunnt huet.

Wéi d'Faillite vu senger Gesellschaft, der Société anonyme des hauts-fourneaux de Differdange, där d'Déifferdenger Schmelz gehéiert huet, e gezwongen huet, säi Besëtz no an no ze verkafen, ass den de Gerlache op Bréissel geplënnert. D'Schlass stoung du sou gutt wéi eidel a gouf am Éischte Weltkrich vun däitschen, duerno vun US-amerikaneschen Truppe benotzt.

An den 1920er Joren huet d'Déifferdenger Gemeng d'Schlass mat senge Lännereien opkaf. D'Gebai gouf ofgerappt, d'Hallschent vun den 1,7 ha grousse Lännereie gouf urbaniséiert a bebaut, de Rescht gouf an e Park, de Park Gerlache, transforméiert.

Ausser e puer ale Beem ass just nach e Pavillon, deen zum Schlass gehéiert hat, erhalen.