Buerg Huelmes

Vu Wikipedia
Buerg Huelmes
Vue op d'Huelmësser Buerg
Typ Buerg
Land Lëtzebuerg
Gemeng Helperknapp
Plaz Huelmes
Koordinaten 49°42'43,5"N, 6°3'5,5"O
Proprietär Lëtzebuerger Staat
D'Buerg vun Huelmes
De Buergfrid vun Huelmes

D'Buerg Huelmes läit am Äischdall an der Uertschaft Huelmes.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Déi éischt Notizzen iwwer d'Buerg fënnt een am Joer 1041. De Schlasshär war dunn den Isenbald von Holfels.

1380: Bau vum fënnefstäckege Buergfrid, deen als eenzegen Deel vum urspréngleche Gebai iwwereg bliwwen ass. Am Laf vun de Joerhonnerte sinn duerch eng Rei Neibauten d'Spuere vun deenen ale Gebaier virum Buergfrid verwëscht ginn.

1681: D'Buerg gouf vu franséischen Truppe belagert an eruewert.

1683: Spuenesch Truppe verdreiwen d'Fransousen, ginn awer no engem franséische Géigenugrëff nees verdriwwen.

1729: Un de Buergfrid gouf e Wunngebai am neobarocke Stil ugebaut.

Vun 1820 bis 1920 bleift d'Buerg onbewunnt a verfält lues a lues zu enge Ruin. 1920 gouf d'Buerg duerch de lëtzebuergeschen Architekt Schoenberg restauréiert.

Vun 1945 bis 1948 gouf d'Buerg als Lager fir Krichsgefaangener benotzt.

Zanter 1948 ass d'Buerg am Besëtz vum Lëtzebuerger Staat, deen do fir d'éischt eng Jugendherberg ageriicht hat.

Den 11. Februar 2022 gouf d'Buerg als nationaalt Monument klasséiert.[1]

D'Gebai[änneren | Quelltext änneren]

Vun der Buerg fält besonnesch de Buergfrid op. Hien huet mam Daach eng Héicht vun 39 Meter. Zentrale Sall ass de Rittersall am Tuerm. Fréier Treffpunkt fir d'Häre vun der Buerg, ass dee grouss Kamäin nach funktiounsfäeg.

Zwéi Stäck iwwer dem Rittersall war warscheinlech eng Kummer fir d'Herrschafte vun der Buerg. Hei kann een hautdesdaags nach d'Plumpstoilette besichen.

De Pëtz[änneren | Quelltext änneren]

Interessant ass och de Pëtz, duerch deen e geheimen Agank féiert. Fréier war et sou méiglech, déi belagert Buerg heemlech mat Liewensmëttel ze versuergen oder se z'evakuéieren. Iwwerreschter vun dësem Gank kann een hautdesdaags nach besichen.

Benotzen hautdesdaags[änneren | Quelltext änneren]

No enger opwenneger Renovéierung ass zanter 1975 an der Buerg de Centre d'écologie et de jeunesse, deen duerno Centre d'éducation au développement durable a mëttlerweil Centre de jeunesse Hollenfels heescht a vum Service national de la jeunesse bedriwwe gëtt.

An der Buerg si Schlofsäll, eng Kichen, sanitär Installatiounen an nieft engem biologesche Laboratoiressall mat Mikroskopen nach divers Klassen- an Openthaltszëmmeren. A Kollaboratioun mat der Huelmesser Jugendherberg kënnen d'Gruppen, déi am Schlass wunnen, an der Jugendherberg hir Molzechten anhuelen.

Am Rittersall am Tuerm, Ausgankspunkt fir d'Eropklamme bis op de Sommet, ass eng grouss Schminni déi funktiounsfäeg ass an an där och gegrillt ka ginn. Do ginn a reegelméissegen Ofstänn "Rittermolzechte" fir Touristen ugebueden.

An deenen anere Säll am Tuerm sinn Ausstellungen zu meeschtens lokalen ökologeschen Theemen. D'Buerg als Plaz fir Gruppenevenementer ass ganz beléift an dacks ausgebucht. Nieft diversen ökologesche Seminäre ginn do och Museksstagë vun der UGDA proposéiert, an eng speziell Aarbechtsgrupp organiséiert themenzentréiert Stagë fir Schoulklassen.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Lobo, Paulo, 2011. 12 Bemerkenswerte Gebäude in Luxemburg: 9. Das Schloss Hollenfels. S. 86-95, Luxédit, ISBN 978-99959-733-0-8

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Buerg Huelmes – Biller, Videoen oder Audiodateien
Vue op d'Buerg Huelmes. Zeechnung vum Jean-Pierre Schmit an Nicolas Liez.
Buerg Huelmes. Zeechnung vum Nicolas Liez.
  1. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).