Kräizerbuch
Ausgesinn
| Dëse Geographiesartikel iwwer Lëtzebuerg ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
| Kräizerbuch | |
|---|---|
|
Op der Kräizerbuch, a Richtung Norde gekuckt | |
| Aussprooch | |
| An anere Sproochen |
fr: Kreuzerbuch de: Kreuzerbuch |
| Land | Lëtzebuerg |
| Kanton | Capellen |
| Gemeng |
|
| Buergermeeschter | Serge Hoffmann (CSV) |
| Koordinaten | 49°42'9,90"N, 5°54'51,19"O |
|
| |
Kräizerbuch ass e Lieu-dit an der Gemeng Habscht am Kanton Capellen. D'Kräizerbuch läit op enger Héicht vu ronn 380 m. um CR106 tëscht Schweech am Norden an Habscht am Süden. Op ronn 300 m. leeft d'N8 déi aus der Gäichel kënnt an op Miersch viruleeft, iwwer den CR.
Kräizerbuch ginn awer och nach am Volleksmond véier Stéiss genannt déi op d'Kräizerbuch erop féieren, an zwar vun der Gäichel aus, déi Gäicheler Kräizerbuch, vu Sëll aus déi Sëller Kräizerbuch, vu Schweech aus d'Kräizerbuch, a vun Iener erop déi Kleng Kräizerbuch oder och Al Kräizerbuch.
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Weyland, Pierre, 1918. Sagen und Märchen über die Kreuzerbuche. In: Einweihung und Altarkonsekration der wiederaufgebauten Pfarrkirche von Hobscheid, 15. Juli 1979, S. 92-93. Petingen, 1979. [Den Originalartikel gouf 1918 am "Echo aus dem Luxemburger Wald" publizéiert]
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Kräizerbuch – Biller, Videoen oder Audiodateien |

