Helperknapp
![]() |
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Knupp a Lieu-dit Helperknapp. Fir d'Gemeng mat deem Numm, kuckt wgl. Gemeng Helperknapp. |
Helperknapp | |
---|---|
![]() D'Kapell mat der Willibrordquell an d'Statu vum Hl. Willibrord (2013). | |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Miersch |
Gemeng |
![]() ![]() |
Buergermeeschter | Frank Conrad |
Koordinaten |
49° 45’ 22’’ N 6° 1’ 38’’ O |
Den Helperknapp ass e Lieu-dit ëstlech vun der Uertschaft Bëschdref, an der Gemeng Helperknapp.
Et ass e klenge Bierg; den héchste Punkt läit op 393 Meter.
Op 379 m Héicht entspréngt eng Quell an enger klenger Kapell, déi wéinst der Willibrordusstatu niewendrun Willibrorduskapell genannt gëtt. D'Plaz bei der Quell ass warscheinlech schonn a gallo-réimescher Zäit zu reliéisen Zwecker benotzt ginn, jiddefalls deiten e puer Fondstécker aus der direkter Ëmgéigend dorop hin. Am 17. Joerhonnert huet den Alexander Wiltheim op där Plaz nach en Altor mat Ofbildunge vum Herkules, der Ceres an der Isis gesinn.
Zirka 40 m nërdlech vun der Quell steet op engem fréiere Kierfecht d'Gehaanskapell. Den Helperknapp war fréier Sëtz vun der Par Helpert. Am 17. Joerhonnert war de Klackentuerm vun der deemoleger Parkierch d'Wunnecht vun engem Eremit. Géint 1735 gouf no beim Kierfecht souguer en Haus gebaut, wou zwéin Eremite wunne konnten.
Um Helperknapp war fréier[Wéini ?] och all Joer e grousse Maart, den Helpermaart.
Op Päischtméindeg, dem Virowend vun der Iechternacher Sprangprëssessioun, ass all Joer eng Prëssessioun op den Helperknapp.
Den Helperknapp steet zanter dem 20. Januar 1939 op der Lëscht vun de Monuments classés.[1]
Nom Helperknapp genannt[änneren | Quelltext änneren]
"Gemeng Helperknapp" déi nei Gemeng zu Lëtzebuerg, déi den 1. Januar 2018 aus der Fusioun vun de Gemenge Béiwen-Atert an Tënten entstanen ass.[2]
Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]
- Gehaanskapell um Helperknapp
- Helpermaart
- Karel de Groussen um Helperknapp
- Lëscht vun den nationale Monumenter an der Gemeng Helperknapp
- Tumulus um Bill
Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]
Commons: Helperknapp – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Den Helperknapp an d'Kapell op der Websäit vum Service des sites et monuments
- Den Helperknapp op der Websäit "luxalbum.com"
Referenzen[Quelltext änneren]
- ↑ Service des Sites et Monuments Nationaux: Liste des immeubles et objets classés Monuments nationaux ou inscrits à l'Inventaire supplémentaire. (Lescht Versioun vum 11. Februar 2021).
- ↑ "Béiwen an Tënten fusionéieren an Habscht a Simmer och." rtl.lu, 24.02.2016, 17:44:16.