Klausener

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Eremit)
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
De Klausener Schetzel - Moderne Relief u senger Hiel am Gréngewald

E Klausener oder Klausbrudder, op Däitsch Eremit oder och Einsiedler, op Franschéisch ermite, ass e Mënsch, deen, sief et aus reliéisen oder anere Grënn, méi oder manner wäit ewech zréckgezu vun anere Mënsche lieft. D'Plaz, wou en Eremit lieft, gëtt Klaus oder Eremitage genannt.

Den Numm "Eremit" kënnt vum griicheschen ἐρημίτης = eremites, aus ἔρημος = erēmos, wat Wüst oder "net bewunnt" bedeit, deemno "een, deen an der Wüst lieft". "Klausener" bezitt sech op dat laténgescht claustrum, wat "agespaart" bedeit.

De wuel bekanntste Klausener zu Lëtzebuerg war de Schetzel, deen am 12. Joerhonnert an enger Klaus am Gréngewald gelieft huet.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Klausener – Biller, Videoen oder Audiodateien