Gemeng Tënten

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Tënten
Coat of arms tuntange luxbrg.png
Tuntange Kirche.JPG
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Tuntange
de: Tüntingen
Land Lëtzebuerg
Kanton Miersch
Haaptstad Tënten
Awunner 1.720 (1 Januar 2017)
Fläch 1.872,9943 ha
Koordinaten 49° 43’ 02’’ N
06° 00’ 38’’ O
Websäit http://www.tuntange.net
Map Tuntange.PNG
D'fréier Gemeng Tënten (orange)
am Kanton Miersch (rout)


Déi fréier Gemeng Tënten war bis den 31. Dezember 2017 eng lëtzebuergesch Gemeng am Äischdall, am Kanton Miersch.

Den 1. Januar 2018 ass si mat der Gemeng Béiwen-Atert zu der neier Gemeng Helperknapp fusionéiert.

Uertschaften an der fréierer Gemeng[änneren | Quelltext änneren]

Häff a Lieu-diten:

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

Um ëstlechsten Deel vun der deemoleger Gemeng steet de Claushaff, dee westlechste Punkt läit um Krécklesbierg hanner Rued, deen nërdlechsten bei der Maandelbaach. No bei der Bréck bei der N12 ass dee Südlechsten ze fannen.

Déi déifst Plazen an der fréierer Gemeng si laanscht d'Äisch, déi zu Bur op enger Héicht vun 246 m NN leeft, zu Aansebuerg 236 m an am Mariendall 236 m.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Qsicon Ueberarbeiten.svg 00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft w.e.g. mat, et ze komplettéieren.

Fusioun[änneren | Quelltext änneren]

Den 1. Januar 2018 huet d'Gemeng Tënten mat der Gemeng Béiwen-Atert fusionéiert. Dës Fusioun de 25. Mee 2014 an engem Referendum mat 69,5 % zu Béiwen a mat 64,5 zu Tënten gutgeheescht.[1] De 24. Februar 2016 huet d'Chamber eestëmmeg dem Gesetz fir déi Fusioun, zum 1. Januar 2018, zougestëmmt. Den Numm vun der neier Gemeng ass "Gemeng Helperknapp".[2] An enger éischter Phas war geplangt, datt och d'Gemeng Sëll sollt mat fusionéieren, déi schlussendlech awer een anere Wee gaangen ass.[3]

Entwécklung vun der Awunnerzuel[änneren | Quelltext änneren]

Quell:STATEC

Politik[änneren | Quelltext änneren]

Buergermeeschteren[änneren | Quelltext änneren]

Qsicon Ueberarbeiten.svg 00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft w.e.g. mat, et ze komplettéieren.
  • ...
  • 1844: Michel Frank[4]
  • ...
  • ... - 2011: Marcel Erpelding
  • 2011 - 2017: Christiane Eicher-Karier

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "Fusioun begréisst: Béiwen mat 69,5 an Téinten mat 64,5 % Jo!" rtl.lu, 25.05.2014, 16:33:23.
  2. "Béiwen an Tënten fusionéieren an Habscht a Simmer och." rtl.lu, 24.02.2016, 17:44:16.
  3. "Referendum um Sonndeg zu Béiwen un der Attert an Téinten." rtl.lu, 23.05.2014, 12:30:38.
  4. ARRÊTÉ ROYAL GRAND-DUCAL, du 29 décembre 1843, n°2926f, portant nomination des Bourgmestres et Echevins des villes, et des Bourgmestres des campagnes du Grand-Duché am Memorial N°3 vun 1844