Op den Inhalt sprangen

Tumulus um Bill

Vu Wikipedia
Tumulus um Bill
Den Tumulus um Bill
Typ Tumulus
Land Lëtzebuerg
Gemeng Helperknapp
Plaz Gréiweknapp
Koordinaten 49°45'30,254"N, 6°1'52,644"O
Statut Ausgruewung

Den Tumulus um Bill ass e gallo-réimesche Grafhiwwel am Flouer Helperich, beim Bill um Fouss vum Helperknapp. Et staamt aus dem 3. Joerhonnert no Christus, huet en huet Duerchmiesser vu 24 m a war ursprénglech eng 6–7 m héich.[1]

Ronderëm war ufanks eng Rankmauer mat enger 3-4 Loe Bléck aus Sandsteen. No Südwesten hi war an der Rankmauer e Grafaltor agebaut, wou eng Urn mat den Äsche vun de Verstuerwene versuergt gouf. Op der Spëtzt vum Tumulus war eng Zort Stäil a Form vun engem Pinienzap oder engem Menhir.

1969 gouf den Tumulus fräigeluecht a mat de Steng, déi nach do louchen, a Fassong bruecht.

Commons: Tumulus um Bill – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Quell, wou net anescht uginn: Marcvs Lavrentivs Delirvs (pseud.): "Gallo-Römischer Grabhügel bei Bill." op reimer.lu.