Helpermaart

Vu Wikipedia

Den Helpermaart ass e Maart zu Bëschdref, mat bis zu honnert Stänn, deen op Päischtsonndeg organiséiert gëtt.

D'Geschicht vum Helpermaart[änneren | Quelltext änneren]

Den Helpermaart war vum 13. bis an d'19. Joerhonnert e grousse Maart deen all Joer um éischte Méindeg am Mee[1] um Helperknapp organiséiert gouf an op deem Händler aus dem Rhäinland, Loutrengen a Flandern hir Wueren ugebueden hunn[2]. Et war haaptsächlech e Véimaart, mä et waren och Schéiereschlëffer do. Si koumen aus der Géigend, awer och vu méi wäit fir hir Wueren ze verkafen.

D'Häre vun Huelmes an déi vun Esch-Sauer haten d'Opsiicht iwwer de Maart an hunn dofir e gewëssen Zëns op den Transaktiounen opgehuewen. Et huet och missen eng Tax op de Wueren déi geliwwert goufen, bezuelt ginn. Den éischten Dag hunn d'Häre vun Huelmes sech bis Mëtteg ëm d'Iwwerwaachung gekëmmert an duerno hunn déi vun Esch d'Relève geholl.[1]

Nodeems d'Kapell schonn 1804 zerfall war[1] a well et beschwéierlech war, fir dee géien Hiwwel erop op den Helperknapp ze kommen, ass de Maart 1832 an de Fënsterdall verluecht ginn. D'Iddi war u sech gutt, awer et sinn ëmmer manner Leit op de Maart komm. Nodeem d'Gemeng Miersch d'Maartrecht fir den Helpermaart fir 500 Frang[3] kaaft hat, ass dësen an der Mëtt vun den 1920er Joren[4] 1923 op Miersch komm.

Am Joer 1988 huet den deemolege Syndicat d'initiative Béiwen-Atert ënner hirem President Jos Lux beschloss, den Helpermaart erëm opliewen ze loossen. D'Gemeng Miersch war averstanen, den Helpermaart fir de symbolesche Frang zeréckzeginn.

Den Helpermaart huet sech mëttlerweil zu engem Kontscht- an Handwierkermaart mat regionale Produkter entwéckelt a gëtt als HelpermaArt „vermaart“. E gëtt vun der Entente Helpermaart - Gemeng Helperknapp, déi sech aus de Veräiner aus der Gemeng zesummesetzt, organiséiert.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 (de)Der Helperknapp, ältestes Siedlungsgebiet. In:. Luxemburger Wort, 1942. Jg., nº 338, p. 4. (04.12.1942). Gekuckt de(n) 14.02.2024.
  2. Informatioun um Panneau « Butte-témoin Helperknapp » op der Plaz (gekuckt am Februar 2024)
  3. (de) „500 Papierfranken“
  4. jee no Quell 1923 oder 1925