Roger Diederich

Vu Wikipedia
Roger Diederich
Gebuer 13. Abrëll 1926
Gestuerwen 7. Mäerz 2016
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Museker

De Roger Diederich, gebuer den 13. Abrëll 1926 zu Mutfert a gestuerwen de 7. Mäerz 2016[1], war laangjärege President vun der Union Grand-Duc Adolphe, Museker a Buergermeeschter vu Conter.

Hien ass no der Primärschoul zu Mutfert op d'Handwierkerschoul an op den Technikum zu Lëtzebuerg gaang an huet 1947 bei der Firma Paul Wurth S.A. als techneschen Ingenieur ugefaangen.[2]

Vum 1. Januar 1970 bis 31. Dezember 1975 war e Buergermeeschter vun der Gemeng Conter. Spéider gouf en zum Éierebuergermeeschter ernannt.

Vun 1962 bis 1966 war hie Regionaldelegéierten a vun 1966 bis 1975 Member vum Zentralkommitee vun der Union Grand-Duc Adolphe. Vun 1975 bis 1977 war e Vizepresident a vun 1977 bis 1993 President vun dëser Organisatioun. Ënner sengem Virsëtz gouf virun allem d'Iddi vun der Verëffentlechung vun der UGDA-Chronik ënnerstëtzt, awer och aner kulturell Projeten huet hie gefërdert.

Hi war och de President vun der UGDA-Museksschoul vun 1984 bis 1993 an ausserdeem vun 1980 bis 1990 Member am Verwaltungsrot vun der Mutualitéitskeess vun der UGDA a vun 1990 bis 1993 där hire President.

Hie war iwwer 70 Joer Member, Museker, Comitésmember, President an Éierepresident vun der Harmonie Moutfort-Medingen.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Henri Schumacher: Nie halbe Arbeit, nur ganze Arbeit - In dankbarer Erinnerung an Roger Diederich (1926 -2016) am Luxemburger Wort vum 29. Abrëll 2016, S. 85

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Doudesannonce am Luxemburger Wort vum 10. Mäerz 2016
  2. Roger Diederich gestorben, am Luxemburger Wort vum 10. Mäerz 2016, S. 23