Fräiwëlleg Pompjeeë Mutfert-Méideng

Vu Wikipedia
Fräiwëlleg Pompjeeë
Mutfert-Méideng
Grënnungsdatum 1903
Memberen 57 (2007)


D'Fräiwëlleg Pompjeeë Mutfert-Méideng a.s.b.l. gouf 1903 gegrënnt, an ass agedeelt op der enger Säit an de Pompjeescorps, also de Service d'Incendie et de Sauvetage, mam Chef de Corps un der Spëtz, an op der aner Säit d'"a.s.b.l." mam President a sengem Comité.

Den TLF 5000

De Comité[änneren | Quelltext änneren]

Zanter dem 1. Januar 2006 ass de Christian Herbrink President a Sekretär, den Yves Schumacher Vizepresident.

Geschichtleches[änneren | Quelltext änneren]

  • De 5. Oktober 1903 hu 35 Leit de Veräi gegrënnt.
  • 1904 gouf dat éischt Läschmaterial kaaft, et war eng ""Feuerwehrspritze mit Saug und Druck" fir de Präis vun 2.500 Frang.
  • 1923 krut de Corps e Leederwon.
  • 1952 krut de Corps, no 50 Joer Existenz, en Daach iwwer de Kapp.
  • 1956 gouf d'Pompel vun 1904 duerch eng "TS 8/8" ersat.
  • 1978 gëtt de Corps fir d'éischt mat engem TSF austafféiert, engem Ford Transit
  • 1986 kréien d'Pompjeeën en TLF 2400 mat Mercedes-Chassis a mat engem Baribbi-Opbau an en neit Gebai, fir den TSF an den TLF ënnerdaach ze stellen.
  • 1993 gi 15 Bippen ugeschaaft, fir d'Leit mat Zäit erbäi ze ruffen.
  • 1997 gouf en MTW ugemellt, e VW-Transporter, dee virdru bei der Gendarmerie am Asaz war
  • 1998 kritt de Corps eng eege Websäit, déi drëtt Pompjees-Websäit am Ländchen
  • 2001 gouf vun der Gemeng en TLF 5000 ugeschaaft
  • 2003 gouf de Ford Transit duerch en HLF 16/25 ersat, deen integral vun der Gemeng finanzéiert gouf
  • Vum 20. bis den 23. Mee huet de Corpts 2004 seng 100 Joer gefeiert.
  • 2007 gouf den MTW vun 1997 mat engem ELW2 op Basis vum Mercedes Sprinter ersat.

Kontakt mam Ausland[änneren | Quelltext änneren]

Et besteet eng Partnerschaft mat de Pompjeeë vu Geisenhausen am Landkrees Landshut aus Bayern.

De Corps[änneren | Quelltext änneren]

2007 huet de Corps 57 Memberen, dorënner 42 Aktiver, zwéin Net-Aktiver an 13 Jugendpompjeeën.

Material an Ekipement[änneren | Quelltext änneren]

Pompjeesgefierer[änneren | Quelltext änneren]

Am Asaz[änneren | Quelltext änneren]

D'Lokaler[änneren | Quelltext änneren]

Zu Mutfert huet de Corps säi Lokal am Soibelwee an zu Méideng sinn d'Sekretariat, d'Archiver an d'Versammlungsraim fir d'Jugendpompjeeën.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]