Kierch Lëtzebuerg-Hamm
| ||||
---|---|---|---|---|
Kierch vun Hamm (2012) | ||||
Uertschaft / Plaz | Hamm | |||
Par | Lëtzebuerg Notre-Dame | |||
Dekanat | Lëtzebuerg | |||
Koordinaten | 49° 36’ 36.8’’ N 06° 10’ 03.5’’ O | |||
Kierchen - Kapellen |
D'Kierch zu Lëtzebuerg-Hamm ass eng kathoulesch Kierch, déi zur Par Lëtzebuerg Notre-Dame, zum Dekanat Lëtzebuerg an zu der Gemeng Lëtzebuerg gehéiert.
D'Kierch ass dem hellege Kräiz geweit; de Festdag ass de 14. September.
Se steet op enger Kräizung op där 4 Stroossen zesummekommen, d'Rue des Peupliers, d'Rue de la Montagne, d'Rue Haute an d'Rue de Hamm. Déi lescht zwou Stroosse gehéieren zum CR225.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]De Chouer vun der Kierch staamt aus der éischter Hallschent vum 14. Joerhonnert, a gouf 1337 fir d'éischt ernimmt. An engem Dokument vun 1340 ginn Eremittinnen ernimmt, déi an der Géigend vun der haiteger Kierch an engem Klouschter gewunnt hunn. D'Klouschterkierch gouf 1340 vum Balduin vu Lëtzebuerg der Helleger Catherine geweit. Am Joer1398 huet de Jost vu Mierender Abtei Almënster d'Klouschter geschenkt a 1443 bestoung d'Communautéit vun de Eremittinnen net méi.[1]
Am 17. Joerhonnert ass d'Presenz vun engem Wonnerkräiz bekannt, dat Pilger ugezunn huet. 26 Pare solle 1683 op Hamm gepilgert ginn. Besonnesch den 3. Freiden no Ouschtere si vill Leit op Hamm gepilgert. Dat huet bis zur Franséischer Revolutioun gedauert.
De 26. September 1867 ass Hamm eng eege Par ginn. Virdru war et eng Filial vun der Par Sandweiler. Den Theodor Heynes war den éischte Paschtouer vun Hamm. D'Kierch gouf 1902 mam Bau vun engem Kiercheschëff no Pläng vum Architekt Jean-Pierre Knepper vergréissert.
1924 krut den Interieur vun der Kierch en neien Dekor an engem neigotesche Stil, dee vum Notker Becker, engem Benediktinermënch vun der Abtei Maria Laach entworf gouf. Nom Zweete Vatikanesche Konzil huet dësen Dekor dem Goût vun der Zäit méi entsprach an doropshi goufen am Joer 1966 d'Mauere komplett ofgeklappt. Do goufen dann ënner de verschiddene Faarfcouchen d'Konture vun enger Molerei aus dem 14. Joerhonnert entdeckt an de Lëtzebuerger Moler a Restaurater Edmond Goergen huet déi gotesch Freskemolerei restauréiert.
Méi wéi fofzeg Joer no der Entdeckung a Restauratioun war de Fresko ënner enger décker Schicht Dreck nees bal ganz verschwonnen; eenzel Deeler waren och vun engem Pilz a vun Alge befall. D'Stad Lëtzebuerg huet dunn, zesumme mam Service des Sites et Monuments nationaux, dat Ganzt nees restauréiere gelooss an den 23. September 2020 gouf de frësch restauréierte Fresko „ageweit“.[1]
Monumenter nieft der Kierch
[änneren | Quelltext änneren]Op der Südsäit vun der Kierch steet e Weekräiz mat Datum vu 1739, op deem eng gossen Tak un un déi zwéin Doudeger vun Hamm aus dem Éischte Weltkrich erënnert.
Riets dovu sinn op der Fassad vun der Kierch zwou gosse Placke vun der American Luxembourg Society aus dem Joer 1982, ubruecht als Merci un d'Hammer Par fir de Remembrance Day, dee s'all Joer ofhält als Erënnerung un déi amerikanesch Zaldoten, déi hiert Liewe fir Lëtzebuerg gelooss hunn.
Méi wäit riets steet nach e Gedenksteen un d'Affer vun Hamm aus dem Zweete Weltkrich.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Kierch Lëtzebuerg-Hamm – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- D'Fënstere vun der Kierch vu Lëtzebuerg-Hamm op der Websäit vun der Stiftung Forschungsstelle Glasmalerei des 20. Jh. e. V. (de)
- D'Uergel vun der Kierch op der Websäit Orgues.lu
- Une peinture murale médiévale à l’église paroissiale de Hamm
-
An der Kierch
-
Weekräiz vu 1739 mat Erënnerungsplack un den 1. Weltkrich
-
Merci un d'Hammer Par fir de Remembrance Day
-
Memorial vum 2. Weltkrich
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ 1,0 1,1 (fr)Une peinture murale médiévale à l’église paroissiale de Hamm. vdl.lu (23.09.2020). Gekuckt de(n) 08.09.2024.